
Geschitt war den Accident e Samschdeg de Moie kuerz virun 1 Auer tëschent der Ausfaart Aire de Berchem an der Opfaart Léiweng a Richtung Frankräich. Éischten Informatiounen no soll en Auto mat héijer Vitess a Richtung Frankräich ënnerwee gewiescht sinn, wéi e géint d'Leitplank gerannt an duerno mat engem aneren Auto zesummegestouss ass. D'Gefier ass doropshin a Brand geroden an duerch d'Flame komplett zerstéiert ginn. Am Bulletin vum CGDIS war e Samschdeg de Moien ze liesen, datt vun den insgesamt 6 Blesséierten, véier Persoune fir eng Kontroll an d'Spidol koumen. D'Police preziséiert an hirer Meldung vun e Samschdegmoien, datt zwou Persoune schwéier verwonnt goufen, eng dovunner huet schwéier Verbrennungen dovu gedroen.
D'A3 war wärend knapp 9 Stonne wéinst den Opraumaarbechten a Richtung Frankräich vum Gaasperecher Kräiz bis bei d'Aire de Berchem fir den Trafic gespaart, dat well den Accident massiv Schied op der Strooss hannerlooss hat. De Parquet huet d'Police judiciaire mat enger Enquête beoptraagt.
Police lancéiert an deem Zesummenhang och en Opruff a freet eventuell Zeien, sech bei der Verkéierspolice ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 17 5200 oder per Mail un upr@police.etat.lu.