CGDISInsgesamt 13 Blesséierter bei Accidenter am Laf vum Freidegowend, dovunner sechs op der A3

RTL Lëtzebuerg
Vill Aarbecht fir eis Rettungsekippen an de leschte Stonnen, ganzer 13 Leit goufen nämlech op eise Stroosse blesséiert.
© Laurent Weber

Am Laf vun e Freidegowend gouf et ganzer sechs Accidenter mat allkéiers engem Blesséierten. Sou zum Beispill kuerz viru 17 Auer an der Rue Hiehl zu Jonglënster, wou zwee Autoe matenee kollidéiert sinn an d'Secouriste vu Jonglënster an der Fiels op der Plaz waren.

Um CR134 tëschent Manternach a Mäertert war eng hallef Stonn méi spéit en Auto accidentéiert an an der Beetebuerger Strooss zu Léiweng ware géint 17:45 Auer e Vëlo an en Trakter net laanschtenee komm. Um CR134 waren d'Secouriste vu Mäertert an Iechternach am Asaz, zu Léiweng déi vum Réiserbann a vun Diddeleng.

Fir d'Rettungsekippen aus der Stad a vu Lëntgen war et quasi zäitgläich en Asaz an der Lëntgener Rue des Jardins wéi hei eng Persoun vun engem Auto ugestouss gouf an um 19:34 Auer waren zwee Autoen an der Lëtzebuerger Strooss zu Hielem aneneegerannt.

Ganzer sechs Blesséierter gouf et dann e Samschdeg de Moie kuerz virun 1 Auer op der A3 tëschent der Aire de Berchem a Léiweng. Zwee Autoe waren hei aneneegerannt, woubäi eent dovunner a Flamen opgaangen ass. An d'Secouristen aus der Stad, Beetebuerg, dem Réiserbann a Schëffleng waren op der Plaz. Vun de sechs Blesséierte koumen der véier fir eng Kontroll an d'Spidol, zwou Persoune goufe schwéier verwonnt. D'Streck war tëschent dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem fir den Trafic wärend knapp néng Stonne wéinst den Opraumaarbechte gespaart. Méi Detailer zu dësem Accident, wéi och dem Zeienopruff, deen d'Police an deem Kontext lancéiert huet, fannt Dir hei:

Géint 4:30 Auer war um CR123 tëscht Essen a Kruuchten en Auto an e Bam gerannt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt a vun de CGDIS-Ekippe vun Noumer a Miersch versuergt.

Back to Top
CIM LOGO