
D'Brasilianer hätten dofir gestëmmt, "d'Demokratie ze sécheren", esou de Lula e Sonndeg, nodeems d'Walresultat offiziell bekanntgi gouf. Wärend déi Mexikanesch Presidentin Claudia Sheinbaum Lula him zu senger Victoire gratuléiert huet, huet de Bolsonaro annoncéiert, d'Resultat juristesch ze kontestéieren.
Dem Walgeriicht no krut de Lula bei dem Waltour e Sonndeg 51,8 Prozent vun de Stëmmen, wärend de Bolsonaro op 48,2 Prozent koum. Déi éischt Walronn Ufank Oktober hat de Bolsonaro iwwerraschend mat 47 Prozent vun de Stëmme gewonnen, De Lula koum op 45 Prozent. Zanterdeem hat sech de Walkampf weider erhëtzt.
Déi lescht Ëmfroe virun der Wal haten de Bolsonaro nach vir gesinn. Fir d'Stéchwal haten Ëmfroen 51 Prozent vun de Stëmme fir de Bolsonaro an 49 Prozent vir de Lula virausgesot - een Ofstand bannent der Feelermarge an op kee Fall eng kloer Tendenz.
Mat senger Victoire ass dem Lula elo eng spektakulär Course gelongen. Entgéint de jéngsten Ëmfroe konnt sech de Lénkspolitiker, deen d'nächst Woch 81 Joer al gëtt, eng véiert Amtszäit sécheren. De Lula sot no der Wal, d'Brasilianer hätten dofir gestëmmt, "d'Demokratie ze sécheren" an huet ënnert anerem eng méi streng Reguléierung vun Tech-Plattforme wéi Meta versprach.
De Bolsonaro huet dogéint refuséiert, dem Lula seng Victoire unzeerkennen. "Et ass onméiglech, d'Resultat unzeerkennen", esou de Bolsonaro e Sonndeg zu Brasília. "Ech wäert d'Annuléierung vun dëse Walen ufroen", esou de Bolsonaro nach. Als Begrënnung huet de konservative Politiker dorop verwisen, datt d'Walbüroe méi laang op waren.
Datt d'Walbüroe méi laang opbleiwen duerften, war eng Decisioun vun engem Geriicht, déi duerch Probleemer am ëffentlechen Transport néideg gi war. De Lula hat d'Verlängerung gefuerdert an domat begrënnt, datt um Waldag an enger Rei Stied Busser aus dem Verkéier gezu gi wieren. Och de Bolsonaro hat sech fir eng Verlängerung vun de Walzäiten ausgesprach an huet sengersäits op staarke Reen Am Süden a Südoste vu Brasilien verwisen, wou hie besonnesch vill Support huet.
D'Wal an der gréisster Vollekswirtschaft a Latäinamerika gëllt als Richtungsweisend. Südamerika ass an de leschte Joren no de Walen an Argentinien, Chile, Bolivien, Kolumbien a Peru däitlech no riets geréckelt. Duerch dem Lula seng Victoire dierft Brasilien elo nieft Mexiko al grouss lénks Bastioun an der Regioun erhale bleiwen. De Lula steet fir Sozialprogrammer, Klimaschutz duerch eng besser Protektioun vum Amazonas-Reebësch, a Multilateralismus. A senger drëtter Amtszäit sinn d'Chômagezuelen erofgaangen an hie krut d'Inflatioun an de Grëff.
De 45 Joer ale rietspopulistesche Flávio Bolsonaro ass den eelste Jong vum Ex-President Jair Bolsonaro, dee jo wéinst engem Putsch-Versuch géint de Lula am Prisong sëtzt. De Bolsonaro gesäit sech als politeschen Ierwen vu sengem rietsextreeme Papp, gëtt sech awer méi moderat.
De Jair Bolsonaro war no sengem geplangte Putsch no senger Defaite bei de Presidentiellen am Joer 2022 zu 27 Joer Prisong verurteelt ginn. Den 8. Januar 2023 hate Bolsonaro-Supporter de Presidentepalast, d'Parlament an den Ieweschte Geriichtshaff gestiermt. Si hunn ouni Beweiser behaapt, datt dem Bolsonaro d'Victoire bei der Wal geklaut gi wier. De Fall erënnert un d'USA, wou Supporter vum Donald Trump jo de 6. Januar 2021 den US-Kongress gestiermt haten.