
Aston Villa huet Manchester City an der englescher Premier League déi éischt Néierlag vun der Saison am nationale Championnat zougefüügt. Och de fréiere lëtzebuergesche Jugend-Nationalspiller Brian Madjo koum dobäi eng éischt Kéier an der Premier League an den Asaz. Hie gouf an der 82. Minutt agewiesselt a krut an der kuerzer Spillzäit eng giel Kaart. Aston Villa steet no aacht Spilldeeg am ieweschten Drëttel vun der Tabell.
No der Néierlag géint Oochen virun enger Woch huet Hansa Rostock um 11. Spilldag géint Fortuna Düsseldorf 1:1 gespillt. D'Ekipp vun der Ostséi war an der 44. Minutt a Féierung gaangen, Düsseldorf konnt nach virum Säitewiessel ausgläichen. Den Nationalspiller Florian Bohnert stoung wuel am Kader, koum wärend den 90 Minutten awer net an den Asaz. Bei Düsseldorf stoung de Miguel Gonçalves net am Kader.
E Mëttwoch war de Barnardo Corradi bei Sampdoria Genua entlooss ginn, nodeems een no siwe Spilldeeg op déi lescht Plaz ofgerutscht war. Am éischte Match vum neien Trainer Luca D'Angelo huet Genua 1:1 géint den FC Südtirol gespillt a spréngt an der Tabell eng Plaz no uewen. Den Danel Sinani ka sengem Veräin dës Saison wuel net méi hëllefen, well hie sech am éischte Lännermatch géint Bulgarien Ufank Oktober eng schwéier Blessur um Kräizband an um Meniskus zougezunn huet.
An der georgescher Liga huet Dinamo Batumi seng véiert Victoire um Stéck gefeiert. De Veräi vum Dirk Carlson an Enes Mahmutovic huet 3:0 géint Samgurali gewonnen an domat seng Tabelleféierung behaapt. De Carlson huet 90 Minutte gehollef, dass seng Ekipp kee Gol kasséiert huet. De Mahmutovic gouf an der 77. Minutt agewiesselt, kuerz nodeem den drëtte Gol gefall war.
Den Enzo Dos Santos war beim Match Dortmund géint Frankfurt am Kader vun de Schwaarz-Gielen.
An der franséischer Ligue 2 huet Metz trotz 30 Minutten Iwwerzuel mat Dunkerque d'Punkte gedeelt. No 90 Minutte stoung et 1:1 tëscht der Ekipp vun der Ärmelkanal-Küst an dem Ex-Veräi vum Luc Holtz. D'Grenats ware schonn an der 9. Minutt a Féierung gaangen, Dunkerque konnt awer no der giel-rouder Kaart fir de Morel an der 65. Minutt no engem Eelefmeter ausgläichen. Metz bleift no 10 Spilldeeg mat 14 Punkten am Mëttelfeld vun der Tabell an huet schonn 8 Punkte Réckstand op den Tabellenéischte St. Etienne.