
Um 17:15 Auer war et e Freideg en Accident tëscht Déierbech an der Schleef, an deem sech zwee Automobilisten ze pake kritt haten. Eng Persoun ass dobäi verwonnt ginn. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Wëntger an d'Ambulanz vu Wolz.
An der Rue Hiel zu Jonglënster koum et um 19:30 Auer zu engem Kichebrand, dee vun de Pompjeeë vu Jonglënster, Hiefenech a Konsdref geläscht ginn ass.
Kuerz no 21 Auer gouf en Accident zu Angelduerf an der Ettelbrécker Strooss gemellt. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn. Déi lokal Pompjeeën an d'Ambulanz Nordstad waren op d'Plaz vum Ongléck.
Zu Rëmeleng an der Rue des Martyrs waren an der Nuecht op e Samschdeg géint 2 Auer e Minibus an en Auto matenee kollidéiert. Ee Verwonnten ass vun der Diddelenger Ambulanz an d'Klinik bruecht ginn, d'Pompjeeë vu Rëmeleng waren och am Asaz.