
An de leschten Deeg gouf et eng gréisser Phishing-Attack op d'Lycéeën am Land. Eng ganz Rei Schüler hätten E-Maile kritt, an deenen e Link op e gefälschten Internetsitten dirigéiert huet, déi wéi eng offiziell education.lu-Säit ausgesinn huet.
D'Schüler goufen opgefuerdert, hire Benotzernumm an hiert Passwuert anzeginn. Wéi sech erausgestallt huet, fir déi Zougangsdaten ze klauen.
Eltere wéi och Schüler aus méi Schoule sinn eisen Informatiounen no schonn informéiert ginn a mussen hir IAM-Passwierder änneren. Si mussen dat bis dëse Freideg 16 Auer gemaach hunn. Déi, déi dat nach net gemaach hunn, gi bei engem Login-Versuch dozou opgefuerdert.
UPDATE um Freideg am Nomëtteg: D’Schüler krute vum Educatiounsministère elo méi Zäit, wéi initial virgesinn, fir hiert Passwuert ze änneren, well d’Serveren iwwerlaascht waren, well sech der ze vill matenee connectéiert haten.
An enger dréngender parlamentarescher Fro ginn déi Gréng och schonn Explikatiounen.
Och d'Police warnt nees virun Arnaquen, déi mat LuxTrust oder Wero am Zesummenhang stinn. Ënner anerem enger Fra zu Schraasseg gouf nach dës Woch iwwert de Wee Sue vun hirem Compte geklaut.