No Schéisserei bei ParäisInneminister Nuñez: "Et war kloer eng terroristesch Dot"

RTL mat AFP
Nodeems eng Persoun ëmkomm a 5 weiderer blesséiert gi si vun engem Täter, deen aus dem Auto op Passante geschoss hat, geet den Inneminister vun engem terroristeschen Akt aus.
1 Doudegen a 4 Schwéierblesséierter südwestlech vu Paräis
Den Ugräifer, deen aus sengem Auto op Passante geschoss huet, konnt festgeholl ginn.

Zu Trappes an zu La Verrière am Département Yvelines, südwestlech vu Paräis, huet e Freideg de Moie géint 10:30 Auer en 39 Joer ale Mann aus sengem Auto eraus op Passante geschoss an dobäi eng Persoun déidlech blesséiert.

Fënnef weider Leit wieren zum Deel schwéier blesséiert ginn, dorënner e Kand vun 12 Joer, dat vun aacht Kugele getraff gi wier, sou d'Autoritéiten. D'Attack hätt ronn eng Véierelstonn gedauert, den Ugräifer wier séier duerno zu Coignières festgeholl ginn.

De Premier Sébastien Lecornu huet iwwer X matgedeelt, dass de Parquet national antiterroriste (Pnat) sech de, Fall ugeholl huet, nodeems d'Situatioun observéiert gi war.

Am Nomëtteg war et op engem Point-presse fir den Inneminister Laurent Nuñez kloer, dass et sech ëm eng terroristesch Dot géing handelen. Den Täter wier vu fënnef Poliziste vun der Brigade anticriminalité festgeholl ginn.

De Buergermeeschter vun Trappes Ali Rabeh huet verlaude gelooss, et géing sech ëm en Attentat handele mat rassistescher, islamophober Konnotatioun.

Back to Top
CIM LOGO