
Um 108. FLF-Congrès de Moien zu Wëntger gouf de Paul Philipp als FLF-President confirméiert. Hie steet zanter 2004 vun der Spëtzt vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun a war als eenzege Kandidat ugetrueden. Den Tun Di Bari hat Ufank September an engem Communiqué matgedeelt, net ze kandidéieren.
Den Tun Di Bari huet e Samschdeg de Moien um Kongress excuséiert gefeelt, donieft mam Alain Hamer e weidere CA-Member.
Nieft der Wiel vum FLF-President waren och Wale fir fënnef Posten am Conseil d’Administration vun der FLF. Sechs Kandidaten hate sech gemellt. Nei mat dobäi sinn de Corrado Fecchi (755 Stëmmen) an de Fernando Cardoso (707 Stëmmen).
Zeréck gewielt goufen de Christian Weis (604 Stëmmen), de Marco Richard (525 Stëmmen) an am zweete Wal-Duerchgang den Nicolas Schockmel (1. Duerchgang: 419 Stëmmen / 2. Duerchgang: 536 Stëmmen).
Net zeréck gewielt gouf d’Carine Nardecchia (1. Duerchgang: 350 Stëmmen / 2. Duerchgang: 306 Stëmmen).
Finanziell konnt déi Lëtzebuerger Futtball Federatioun e Benefice vun 174.722,08 € verbuchen. Ronn 1,4 Milliounen Euro Subside goufen un d’Veräiner ausbezuelt.
Den neien an alen FLF-President Paul Philipp huet a senger Ried sportlech op déi lescht Saison zeréck gekuckt. Ënner anerem huet hien ugemierkt, datt déi Lëtzebuerger Veräiner, opgrond vun de fréieren Eliminatiounen an den internationale Qualifikatiounen, eng europäesch Qualifikatiounsplaz am Championnat kéinte verléieren.
Donieft huet hien och op de Problem vun den duebelen Nationalitéiten higewisen. De Brian Madjo hat sech jo beispillsweis fir England decidéiert. D’FLF schafft zesumme mat hire Juristen eng Optioun aus, fir dës jonk Spiller weiderhin u Lëtzebuerg ze bannen, wéi et och ënner anerem d’Schwäiz mécht.
De President vum COSL, de Michel Knepper, huet ënner anerem ënnerstrach, datt et wichteg ass, de Benevolat ze stäerken, donieft awer och de Professionalismus ze promovéieren.
D’Sportministech Martine Hansen ass ënner anerem op de Qualité+ agaangen, dee reforméiert soll ginn. Do soll an Zukunft tëscht Qualité+ a Qualité Pro+ ënnerscheet ginn.
Et gouf donieft eng Modifikatioun am Reglement. An Zukunft si bei alle Competitiounen, egal wat fir eng Divisioun bei de Senioren, 5 Wiessel bannent 3 Zäitfënsteren erlaabt. Dëst trëtt déi nächst Saison a Kraaft.