
Am Kehlsteinhaus um Obersalzberg a Bayern ass e Freideg den Owend e Feier ausgebrach. Kuerz virun 22 Auer hat e Feiermelder den Alarm ausgeléist, sou d'Polizeipräsidium Oberbayern Süd an engem Communiqué. Blesséiert gi wier keen, am Haus hätte sech zum Zäitpunkt vum Feier keng Persounen opgehalen.

Ronn 200 Pompjeeën, déi Problemer haten, um Bierg op d'Plaz ze kommen, sinn zanterhier am Asaz. Zur Brandursaach gëtt et nach eng Erkenntnisser, et géif awer de Verdacht op Brandstëftung. Um Wee op d'Plaz war der Police e Motorradsfuerer entgéint komm, deen ugehalen an duerno festgeholl gi wier, heescht et. Ob déi Persoun tatsächlech eppes mam Brand ze dinn huet, ass net kloer.
1938 war d'Kehlsteinhaus fäerdeg gebaut ginn an huet an der NS-Zäit der politescher Féierung fir representativ Zwecker gedéngt. 1952 war an der bekannter Gebailechkeet e Lokal opgaangen. Vun den Alliéierte war d'Haus am Zweete Weltkrich "Eagle's Nest" genannt ginn.