Futtball-ChampionnatEttelbréck klappt Nidderkuer 2:0

RTL Lëtzebuerg
Am Ettelbrécker Reen huet d'Etzella mat zwee spéide Goler de Match fir sech entscheet. Fir Nidderkuer ass et déi zweet Néierlag hannerteneen.
© Steve Beckers

Fir den Optakt vum 11. Spilldag huet d'Etzella Ettelbréck de Progrès Nidderkuer 2:0 geklappt. Et war eréischt déi zweet Victoire fir d'Etzella an déi zweet Néierlag hannertenee fir de Progrès. Ettelbréck spréngt mat dësen dräi Punkte provisoresch op Plaz 13.

Et war eng zimmlech schwaach éischt Hallschent um Ettelbrécker Däich. Am Reen hu béid Formatioune wuel versicht, sech e puer Golgeleeënheeten erauszespillen. Déi geféierlechst Aktioun haten d'Gäscht an der 29. Minutt mat engem Distanzschoss aus 20 Meter vum Avdusinovic. Den Ettelbrécker Gonçalves konnt no engem Zweekampf an der 41. Minutt net méi weidermaachen a gouf ausgewiesselt.

Et war och de Progrès, dee fir déi éischt Opreegung am zweeten Duerchgang (47') gesuergt hat. Duerno kruten d'Spectateure laang näischt ze gesinn, bis d'Etzella en Eelefmeter zougesprach krut. De Rienhardt huet dëse verwandelt. An der Nospillzäit huet den agewiesselten Hemkemeier fir d'Entscheedung gesuergt.

E Sonndeg ginn déi aner Matcher vum 11. Spilldag ausgedroen. Dorënner och de Match Hueschtert géint Stroossen, deen Dir ab 16 Auer mat Kommentar am Livestream suivéiere kënnt. Déi aner Matcher ginn an der RTL Live Arena iwwerdroen.

________________________________________________

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO