
D'"Midterm elections", och "Midterms" genannt, ginn den 3. November an den USA ofgehalen a markéieren d'Hallschent vum President Trump senger zweeter Amtszäit - dohier och den Numm. D'Amerikaner ginn an d'Walbüroen, fir Deeler vum Kongress, deen aus dem Representantenhaus an dem Senat besteet, nei ze wielen. De Kongress ass d'Legislativ an den USA. Hei ginn also Gesetzer, déi landeswäit gëlle sollen, presentéiert an ugeholl. Och Budgeten ginn hei festgeluecht. Ausserdeem ginn den 3. November 36 Gouverneure gewielt.
Den Ament hunn dem US-President Trump seng Republikaner souwuel am Representantenhaus, wéi och am Senat mat enger enker Majoritéit d'Soen. Am Representantenhaus stinn den Ament 218 Republikaner an een "Independent", dee mat de Republikaner matwielt, enger Minoritéit vun 214 Demokrate géigeniwwer. Eng Majoritéit vun 219 ass gebraucht, fir d'Representantenhaus ze kontrolléieren. Am Senat sinn et den Ament 53 Republikaner zu 45 Demokraten. Hei läit d'Majoritéit bei 51 Sëtz.
An de Midterms vum 3. November gëtt dat komplett Representantenhaus nei gewielt (435 Sëtz am Ganzen). Am Senat ginn dogéint just 35 vun insgesamt 100 Sëtz nei verdeelt.
Sollt d'Majoritéit no de Midterm elections a béide Kummere vun de Republikaner un d'Demokraten iwwergoen, kéint den Donald Trump zu engem sougenannten "Lame duck President" ginn. Esou ginn an den USA ëmgangssproochlech Presidente bezeechent, déi entweder an de Presidentiellen net erëmgewielt goufen ma hiert Mandat nach fäerdeg maachen, oder no de Midterm elections duerch d'Zesummesetzung vum Kongress staark an hirem Pouvoir ageschränkt sinn. Ma och wann d'Demokrate just en enger Kummer d'Kontroll géifen iwwerhuelen, géif dat et hinne schonn erméiglechen, hir eege Gesetzer nees no vir ze bréngen.
Och wann den US-President Trump dës Kéier selwer net um Stëmmziedel steet, d'Midterms wäerten och a gewëssem Mooss ee Beléiftheets-Check fir seng Presidentschaft sinn. An déi Beléiftheet huet an der Lescht staark gelidden. Déi héich Liewenskäschten hunn dem Trump vill Kritik bruecht an och den US-Krich mam Iran ass onbeléift. Deen huet an den USA nämlech ënner anerem d'Pëtrolspräisser an d'Luucht sprange gelooss.
Ronn dräi Woche virun de Midterms louch dem Trump säin Zoustëmmungstaux enger Ëmfro vun der New York Times an der Siena University no bei just 36 Prozent. 59 Prozent vun de befroten US-Amerikaner waren net mam Trump enger Aarbecht zefridden. Et wier deen nidderegsten Zoustëmmungstaux, dee jee an enger Times/Siena-Ëmfro ervirgaange wier, huet et dozou vun der New York Times geheescht. Méiglecherweis waren et och esou Ëmfrowäerter, déi den Trump kuerz virun de Walen dozou beweegt hunn, entgéint de Sanktiounen een Deal mat Russland zu Diesel-Liwwerungen anzegoen.
Aner Theemen, déi an de Wale méiglecherweis en Impakt wäerten hunn, sinn ëmstridde KI-Rechenzentren, déi uechter d'Land solle gebaut ginn. Den Trump huet sech an der Vergaangenheet ëmmer nees géint eng Reguléierung vum Secteur ausgesprach. Ma och der aktueller Regierung hire Mesurë géint déi illegal Immigratioun an d'Roll, déi Awanderungsautoritéit ICE dobäi spillt a gespillt huet, wäert wuel fir verschidde Leit ee Facteur sinn.

Aktuell steet et fir dem Trump seng republikanesch Partei trotz méi bëllegem Diesel net gutt. Am Senat sinn 22 Sëtz vun den insgesamt 35, iwwert déi nei gewielt gëtt, aktuell a republikanescher Hand. D'Chancen datt d'Demokraten hei Buedem guttmaachen an de Senat mat véier zousätzleche Sëtz fir sech gewanne kéinten, stinn also gutt. Nach besser stinn den Demokraten hir Chancen am Representantenhaus.
CBS News no verspriechen 10 Sëtz am Senat besonnesch ëmkämpft ze ginn, dorënner ënnert anerem déi fir Maine, Michigan, Iowa an New Hampshire. Am Representantenhaus hu si 42 Coursen ervirgehuewen, déi spannend dierfte ginn.
Ma Stëmmen eleng maachen an den USA nach keng Walresultater. Op d'mannst genee esou wichteg ass et, wou déi Stëmme gezielt goufen.
An de Walkreeser an den USA gëllt nämlech de "Winner takes it all"-Prinzip. Wien d'Grenze vun dëse Walbezierker virdeelhaft zitt, ka sech also méi Sëtz sécheren, wéi e se an engem anere Walsystem kritt hätt. An den USA gëtt dat "gerrymandering" genannt. Aktuell bevirdeelegen d'Walkaarten d'Republikaner, ma och a verschiddenen Demokratesche Walbezierker goufen d'Grenzen nei gezunn. Dat mécht dës Walen ee Stéck méi onberechenbar.
Wann Dir op dëser Plaz keng Ëmfro gesitt, hutt Dir warscheinlech d'Cookies net acceptéiert.