Protester a FrankräichBal 1.000 Festnamen, 2 Schwéierblesséierter

RTL mat AFP
Bei den neien Demonstratiounen a Frankräich sinn dem Inneminister Laurent Nuñez no ronn 1.000 Manifestante festgeholl ginn.
A ville grousse Stied a Frankräich ass e Samschdeg rëm demonstréiert ginn.
A ville grousse Stied a Frankräich ass e Samschdeg rëm demonstréiert ginn.
© ARIS MESSINIS/AFP

E Samschdeg den Owend huet den Inneministär vu ronn 410.000 Leit geschwat, déi landeswäit un de Protester deelgeholl hunn. Der Gewerkschaft CGT no wieren et bal 800.000 gewiescht.

Den Inneminister Laurent Nuñez sot, an deem Kader wiere knapp 1.000 Persoune festgeholl ginn. D'Asazkräfte wiere mat extrem héijer Gewalt a Militante vun der extremer Lénker konfrontéiert gewiescht. Dobäi wieren d'Demonstratiounen ugangs gutt verlaf, sou de Politiker.

Vu Paräis ginn 142 Interpellatioune gemellt, 120 Persoune wieren an d'Garde à vue komm, sou d'Porte parole vun der Police Hélène Denéchère e Sonndeg de Moien an enger Matdeelung.

Bei Zesummestéiss zu Clermont-Ferrand an Toulouse wieren dunn allerdéngs zwou Persoune schwéier blesséiert ginn, sou den Inneminister. Zu Toulouse hätt en 20 Joer ale Mann bei enger Explosioun puer Fanger verluer.

Zu Cannes an zu Montpellier wieren ausserdeem och Manifestante vun der extrem Rietser constatéiert ginn. Am Ganze wieren awer manner Butteker geplëmmt gi wéi virun enger Woch, sou d'Autoritéite weider.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO