Um Enn Ausernanersetzungen am StadzentrumDausende Manifestanten zu Metz trotz Verbuet op d'Strooss gaangen

Nathan Muller
Bis géint 16 Auer ass d'Maniff gréisstendeels friddlech verlaf. Duerno koum et awer zu Ausernanersetzungen am Stadzentrum.
© Nathan Muller

D'Autoritéiten haten d'Demonstratioun am Stadzentrum am Virfeld verbueden. D'Gewerkschaften haten eng alternativ Streck proposéiert, déi net duerch den Zentrum féiere sollt, déi awer refuséiert gouf. Fir de Gewerkschaftler Patrick vun Force Ouvrière war dat en Effort, fir d'Manifestanten anzeschüchteren. D'Recht op Demonstratioun wier an der Verfassung verankert, huet hien erkläert.

Um Marsch hunn nieft Gewerkschaftler och vill jonk Leit a Studente matgemaach. Si hunn ënner anerem géint de President Emmanuel Macron, d'Police an de Rassemblement national Stëmmung gemaach. D'Police war wéi bei der leschter Manifestatioun op der Plaz, huet awer wärend dem Marsch keng Gewalt missen asetzen.

Vill Manifestanten hunn op déi schwiereg Konditiounen an de Schoulen opmierksam gemaach. E Lycée-Schüler huet vu Gebaier ouni Heizung am Wanter an ouni Klimaanlag am Summer geschwat. Anerer hunn déi grouss Klassen an de Manktem u Personal kritiséiert.

Géint 16 Auer hat sech de Cortège um Parvis des droits de l'homme opgeléist. Kuerz drop koum et awer op der Place de la République an am Stadzentrum zu Ausernanersetzungen. Domat gouf de gréisstendeels friddleche Verlaf vun der Manifestatioun gestéiert.

Back to Top
CIM LOGO