
De Kimi Antonelli geet e Sonndeg als Éischten op de Circuit of the Americas. Et ass déi éischt Pole Position zu Austin zënter 2019 fir Mercedes - deemools war et de Valteri Bottas. Ausserdeem steet déi éischt Kéier zënter Zandvoort nees e Mercedes-Pilot op Plaz 1.
Well säin Teamkolleeg George Russell just op Plaz 7 koum, sinn d'Chancen, dass den Italieener säin éischte Matchball fir d'WM-Kroun notzt, ganz reell. Hannert dem Antonelli sti mam Max Verstappen an Isack Hadjar zwee Red-Bull-Piloten.
Obwuel Ferrari am Training vir bäi war, goung et an der Qualifikatioun just fir d'Positioune 4 a 5 duer. D'McLaren haten näischt mam Ausgang vun der Qualifikatioun ze dinn, och wann de Lando Norris am Q1 déi séierst Zäit gefuer war.
Eng kuriéis Situatioun gouf et bei Racing Bulls. De Liam Lawson hat sech fir de Q3 qualifizéiert, gouf vu sengem Teamchef awer fréizäiteg an d'Dusch geschéckt. Den Neiséilänner ass am drëtten Tour keng Zäit gefuer. Säin Teamkolleeg Arvid Lindblad wäert awer nach strofversat ginn.
Wärenddeems ass d'Serie vun Audi gerass. D'Ecurie mat de véier Kreesser war an de leschten dräi Courssen ëmmer mat engem Auto an de Q3 komm. Dës Kéier war fir Hülkenberg a Bortoleto am Q2 Schluss. De Gabriel Bortoleto muss trotz senger 13. Plaz e Sonndeg vu ganz hanne starten. Beim Brasilianer gouf de Motor gewiesselt.
De Fernando Alonso hat sech sou just an de Q2 gerett, obwuel säi Motor kuerz Feier gefaangen hat. Am zweeten Duerchgang war dunn awer Schluss an de Spuenier geet vu Positioun 15 an d'Course. Dat well den Oliver Bearman seng séier Ronn wéinst Tracklimits gestrach krut.
Am Q1 hat et schonn hir jeeweileg Teamkolleegen Stroll an Ocon erwëscht. Den Alexander Albon hat Problemer mat der Boîte a konnt dowéinst keng méi séier Zäit an de Makadamm vun Austin brennen.
Dir kënnt de Grousse Präis vun den USA e Sonndeg wéi gewinnt op RTL ZWEE, RTL.lu an RTL Play suivéieren. D'Emissioun fänkt um 20:30 Auer un, d'Course ass um 21 Auer.