
Déi philippinnesch Police ermëttelt wéinst dem Verdacht op Besëtz vu kannerpornografeschem Material géint den Thomas Markle, de Papp vum Prënz Harry senger Fra Meghan. Dem Mann säi fréiert Haus op de Philippinnen ass duerchsicht ginn, sou den Inneminister Jonvic Remulla. Dobäi wiere grouss Quantitéite Material an e Laptop séchergestallt ginn.
Dem Markle säi Bouf Thomas jr. wier op dat entspriechend Material gestouss, wéi hien am Haus no Këschte gesicht hat. De Laptop géing aktuell forensesch ënnersicht ginn, sou de Remulla weider. D'Police wäert sech mat den zoustännegen Autoritéiten ofstëmmen, fir den Thomas Markle sr. ze fannen an entspriechend Schrëtt anzeleeden, sollten et genuch Beweiser fir eng Uklo ginn.
D'Meghan huet sech déif getraff gewise wéinst de Virwërf an huet gläichzäiteg zouginn, si hätt zanter Jore vun de Virwërf gewosst. Nodeems si 2018 dovu gewuer gi war, hat si de Kontakt tëscht hirem Papp an hire Kanner verhënnert.
Den 82 Joer alen Thomas Markle hat zu Cebu op de Philippinne gelieft, éiert hien ugangs des Joers an d'USA zréckgaange war. Der brittescher Press géintiwwer huet hien d'Virwërf als e "Koup Ligen" zréckgewisen.