Am chineeseschen Zenter fir Grousskazen Hengdaohezi an der Provënz Heilongjiang goufen dëst Joer méi wéi 50 sibiresch Tigere geziicht. Duerch kënschtlecht Ziichten an e systemateschen Training, fir d'Déieren auszewëlderen, kréien déi jonk Tigeren no an no d'Fäegkeet ze joe bäibruecht an entwéckelen esou d'Viraussetzungen, fir méi spéit a fräier Natur ze iwwerliewen.
Fir datt d'Auswëlderen e Succès gëtt, brauchen d'Tigeren awer virun allem e gesond a stabilt Ökosystem am Bësch. Dowéinst sinn dat ganzt Joer iwwer Patrullen an de Bëscher ënnerwee an iwwerwaachen d'Bierg- an d'Bëschregiounen. D'Mataarbechter observéieren och d'Déiere- wéi d'Planzewelt am Bësch a si beschützen déi Déieren, déi u sech um Menu vun de sibireschen Tigere stinn. Doduerch erhale si d'Chaîne alimentaire am Bësch.
Den zoustännegen Autoritéiten no ass d'Zuel vu sibireschen Tigeren, déi am Nationalpark am Nordoste vu China a fräier Natur kënne liewen, vu 27 am Joer 2017 op 72 an dësem Joer eropgaangen. Datt sech d'Déierepopulatioun erhëlt, ass ouni d'Zesummespill vun de Rettungsmesuren an dem Schutz vum natierleche Liewensraum net méiglech.
Vun der Ziichtung an dem Training, fir d'Déieren auszewëlderen, bis hin zum deegleche Management vun de Liewensraim schaffe vill Acteuren am Zenter zesummen, fir sécherzestellen, datt de sibireschen Tiger an de Bëscher vun Heilongjiang laangfristeg iwwerliewen a sech ausbreede kann.