"Broadcasting the Unknown" D'Grande-Duchesse Maria Teresa besicht Expo vu kubanescher Konscht zu Buerglënster

RTL Lëtzebuerg
D'Grande-Duchesse Maria Teresa huet e Samschdeg d'Ouverture vun der Ausstellung "Broadcasting the Unknown" vum kubanesche Kënschtler Dagoberto Rodríguez am Schlass zu Buerglënster besicht.

De Kënschtler stellt fir d'éischt Kéier zu Lëtzebuerg eng perséinlech Ausstellung aus. Seng Wierker sinn op zwou Plazen ze gesinn: an den Annexen vum Schlass zu Buerglënster an an der fréierer Kierch "Al Kierch" zu Rued-Sir.

Mat Skulpturen, Biller, Aquarellen a Videoen setzt sech den Dagoberto Rodríguez mat de Bezéiungen tëscht Technologie, Kultur an eiser Perceptioun vun der Welt auserneen. D'Ausstellung werft ënner anerem d'Fro op, wéi Technologien eis Vue op d'Realitéit beaflossen.

Back to Top
CIM LOGO