42.000 PuzzlestéckerAm Lycée Michel Lucius schaffen d'Schüler un engem risege Puzzle

Loïc Juchem
7,5 Meter laang, 1,5 Meter breet a ganzer 42.000 Stécker: Am Lycée Michel Lucius hu sech d'Schülerinnen an d'Schüler eng grouss Erausfuerderung gestallt. Bis zum Schoulfest am Summer 2027 soll de Puzzle fäerdeg sinn.
Mega-Puzzle
42.000 Puzzlestécker: Am Lycée Michel Lucius schaffen d'Schüler un engem risege Puzzle

Ronn siwe Stonnen den Dag misst gepuzzelt ginn, fir datt déi 42.000 Stécker bis zum Enn vum Schouljoer op hirer Plaz leien. Dat huet een am Lycée Michel Lucius ausgerechent.

D'Iddi fir de Projet ass am Juli entstanen. Deemools huet een sech am Jugendtreff vum Lycée Gedanke gemaach, wéi een d'Schülerinnen an d'Schüler aus de verschiddene Klassen an Nationalitéite kéint zesummebréngen.

"Mir wollten e Projet starten, wou wierklech jiddweree ka matmaachen, vu Septième bis Première", erkläert den Thierry Hensen, deen am Jugendtreff schafft.

Well de Lycée och eng international Schoul ass, hätt ee bewosst no enger Aktivitéit gesicht, bei där d'Sprooch keng Roll spillt.

E Puzzle, deen déi verschidde Kulturen zesummebréngt

D'Wiel ass op e risege Puzzle gefall, deen am fäerdegen Zoustand 7,5 Meter laang an 1,5 Meter breet ass. Um Motiv si verschidde Länner a bekannt Monumenter ze gesinn.

Fir den Thierry Hensen war dat ee vun den Haaptgrënn, fir sech genee fir dëse Puzzle ze entscheeden.

"Mir hunn esou vill verschidden Natiounen a Kulturen hei an der Schoul, datt dëst Motiv eis Communautéit perfekt erëmspigelt", seet hien.

Iwwer 70 Schülerinnen a Schüler hu scho matgepuzzelt

Den Interessi um Projet ass grouss. Bis elo hu sech eng 70 Leit um Puzzle bedeelegt. Virun der Schoul, an der Mëttespaus, no de Coursen oder wann eng Stonn ausfält, kënnen d'Schüler an de Jugendtreff kommen an e puer Stécker leeën.

Fir vill Jonker ass de Projet awer och eng Geleeënheet, fir am Schoulalldag emol ofzeschalten. "Ech denken, datt de Puzzle eng gutt Manéier ass, fir erofzekommen. Hei ass et roueg, heiansdo lauschtere mer och Musek", erzielt ee vun de Schüler.

Anerer schätzen an éischter Linn d'Zesummenaarbecht. "Et faszinéiert mech, datt esou vill verschidde Leit un där selwechter Saach schaffen", seet eng Schülerin.

Bis elo läit alles am Zäitplang

Och wann nach Dausende Stécker op hir Plaz musse kommen, ass een am Lycée zefridden. De Projet läit aktuell am Zäitplang.

"Mir hunn tatsächlech Schüler aus alle Klassen, vu Septième bis Première, déi dorunner schaffen. Et ass wierklech dat verbannend Element ginn, dat mer eis erhofft haten," seet den Thierry Hensen.

Bis zum Schoulfest am Summer 2027 bleift nach Zäit. Da soll de risege Puzzle fäerdeg sinn – als gemeinsaamt Wierk vu Schülerinnen a Schüler aus de verschiddenste Klassen a Kulturen.

Back to Top
CIM LOGO