
Nodeems den internationale Fluchhafe vun der saudi-arabescher Haaptstad Riad no Attacke vun der pro-iranescher Huthi-Miliz zwou Woche laang zou bliwwe war, starten a landen zanter e Sonndeg erëm Fligeren.
E Porte-parole vun den Huthi huet awer scho gewarnt, dass de King-Chalid-Airport weider en Zil vun hirem Militär an dowéinst fir all international, national, regional a lokal Fluchgesellschaften onsécher wier.
Um fréie Sonndegmoie waren zu Riad dräi Explosiounen ze héieren. D'Awunner vun der Haaptstad hätten eng Warnung wéinst "feindlecher Bedrohung aus der Loft" kritt a waren opgefuerdert, a Schutzraim ze goen.
Déi vu Saudi-Arabien ugefouert Militärkoalitioun am Jemen huet iwwerdeems erkläert, si hätten 10 ballistesch Rakéiten an zwou Drone vun den Huthi, déi a Richtung Riad ënnerwee waren, kënnen ofschéissen.