
De Mann, dee e Freideg südwestlech vu Paräis eng Persoun erschoss a fënnef weiderer zum Deel schwéier blesséiert hat, stoung bei senger Dot ënner Drogenafloss. A sengem Blutt wiere Spuere vu Cannabis a Kokain fonnt ginn, sou de Parquet vu Paräis. Den 39 Joer ale Mann ass an eng psychiatresch Institutioun transferéiert ginn.
De Parquet antiterroriste (Pnat) huet e Sonndeg de Moie matgedeelt, den Täter Kévin T. wier e Samschdeg den Owend no engem "Examen psychiatrique" aus der Garde à vue entlooss an de Conclusioune vum Examen no an engem psychiatresch Infirmerie komm.
Bis zu 48 Stonne laang soll de Mann do observéiert ginn, heescht et vun den Autoritéiten. Do soll erausfonnt ginn, ob seng mental Gesondheet et erlaabt, weider Befroungen duerchzeféieren. D'Famill vun Verstuerwenen huet sech iwwert hiren Affekot erstaunt gewisen iwwert déi Decisioun vum Pnat.