
Déi dräi Leit sollen aus dem Familljen- a Frëndeskrees vum Mann kommen. Dat huet de Parquet e Samschdeg matgedeelt.
Bei der Schéisserei goufen e puer Leit schwéier blesséiert. Ënnert den Affer ass och en 12 Joer alt Meedchen. Dem Parquet no ass säi Gesondheetszoustand weider kritesch: D'Meedche wier nach ëmmer an akuter Liewensgefor.
D'Ermëttlunge lafen. D'Autoritéite versichen elo, d'Ëmstänn vun der Schéisserei genee ze klären.