RN mat "Well vun Erneierung"Méi Prisongsplazen, méi streng Strofen, Schouluniformen, verstäerkte Grenzkontrollen an eng streng Migratiounspolitik

RTL Lëtzebuerg
Zu Orléans ass aktuell den zweeten Dag vum Kongress vum rietspopulistesche Rassemblement national mat ronn 8.500 Supporter.
Rassemblement national versprécht méi Sécherheet a méi streng Strofen.
© ALAIN JOCARD/AFP

De frësch erëmgewielte President vun de franséische Rietspopulisten an zukünftege Premier vun enger hypotheetescher Presidentin Le Pen, Jordan Bardella, huet ënner anerem versprach, nees Uerdnung an d'Land ze bréngen an d'Police ze stäerken. Säi Motto: "Tu touches à un policier, tu dors en prison".

D'Zuel vun de Prisongsplaze soll eropgesat ginn a Strofdote solle méi streng bestrooft ginn. D'Mindeststrofe sollen agefouert an déi penal Responsabilitéit op 16 Joer erofgesat ginn. Zousätzlech si speziell Haftzentere fir Mannerjäreger geplangt.

Donieft wëll den RN d'Grenzkontrollen an d'Migratiounspolitik méi streng gestalten. Auslänner, déi eng Strofdot beginn hunn, sollen direkt ausgewise ginn.

Problemer an de Schoule wëll d'Partei ënner anerem mat Uniforme fir d'Schüler an enger Flicht fir d'Kanner, fir d'Enseignanten ze diezen, léisen. Schüler, déi sech net un d'Reegelen halen, sollen direkt aus der Schoul verwise kënne ginn. Och d'Beruffsausbildung soll gestäerkt an d'Lycéesreform vun der aktueller Regierung réckgängeg ginn.

D'Marine Le Pen, aktuell Fraktiounscheffin vum RN a méiglech Kandidatin bei de Presidentiellen d'nächst Joer, huet hir Ried ënner d'Iddi vun enger neier Renaissance gestallt. Wéi de Buchdrock deemools d'Welt revolutionéiert hätt, géifen haut déi sozial Netzwierker eng änlech Roll spillen. Si géifen et erméiglechen, déi lénks gepräägt Meenungsbildung an déi vun hir kritiséiert Tabuen ze ëmgoen.

D'Marine Le Pen

Dës Well vun Erneierung géif een net laanscht sech zéie loossen, huet si betount. A Frankräich soll dës Well "bleu marine" sinn, also an de Faarwe vum Rassemblement national.

Back to Top
CIM LOGO