
Den Numm kennt een – vläicht vun Autobunnspannoen oder well een en an der Nopeschgemeng Losheim am See gelies huet. Rieds geet vu Wadern, am Landkrees Merzig-Wadern, tëscht Tréier a Saarbrécken geleeën. Dës Lag erkläert och, datt een iwwer déi däitsch A1 (via Tréier) dohikënnt oder iwwer déi däitsch A8 (Richtung Saarbrécken).
Zanter 12 Joer huet Wadern e Buergermeeschter, dee Lëtzebuerg kennt ewéi seng Boxentäsch: 28 Joer laang huet de Jochen Kuttler als Journalist beim Télécran geschafft. Do huet e sech virun allem ëm de Fernsehprogramm gekëmmert, éier en 2014 aus dem Stand zum Buergermeeschter gewielt gouf. An dat ouni traditionell Partei am Réck, mee gestäipt vun der nei gegrënnter Initiativ ProHochwald, benannt nom grousse Bësch do an der Géigend.
D'Stad Wadern mat hire 16.500 Awunner, hiren 13 Staddeeler an hire 24 Dierfer huet en haaptberuffleche Buergermeeschter. Gewielt gëtt dee fir zéng Joer. Ouni Stëmmrecht am Gemengerot, genannt Stadtparlament. Et géif also schonn drëm goen, Koalitiounen anzegoen, an an der Reegel géif virun Decisiounen esou laang diskutéiert ginn, datt dat meescht kéint eestëmmeg ugeholl ginn.
An dem Jochen Kuttler seng Aart a Weis schéngt bei de Leit unzekommen: 2024 gouf e mat groussem Virsprong zeréckgewielt, also nach eemol zéng Joer, aktuell huet en der ewell zwielef erof, ass houfreg op dat, wat en erreecht huet, a stécht nach ëmmer voller Iddien.
Wie beim Saarland virun allem un Industrie denkt - vläicht un d'Völklinger Hütte - deen dierft iwwerrascht sinn, wann de Buergermeeschter vu Wadern vum ville Grénges a senger Gemeng schwäermt: Vill Touriste kéime fir d'Natur ze genéissen, zum Beispill fir um beléifte Saar-Hunsrück-Steig ze wanderen – vu Perl un der Musel duerch d'Saarland an den Hunsrück bis op Boppard um Rhäin. An an der Canicule wier et bei hinnen däitlech méi kill gewiescht wéi an de Stied, eebe wéinst deem ville Grénges. E weideren Avantage.
Dat schénge sech och eng Partie Lëtzebuerger gesot ze hunn, well déi hätte Wadern schonn um Schierm, esou de Jochen Kuttler: Déi eng kéimen als Touristen, déi aner fir ëmmer. Eng 60 Leit aus dem Grand-Duché hätte sech zu Wadern néiergelooss an hätte sech do och ganz gutt integréiert.
Et geet awer och an déi aner Richtung: Aus senger Gemeng schaffe ganzer 6.000 Leit zu Lëtzebuerg. Ma d'Zuel vun de Pendler géif lues a lues ofhuelen. D'Ënnerscheeder an der Pai wiere méi kleng ginn a géifen de Stress am Trafic net méi onbedéngt rechtfäerdegen.
Natierlech bleift och d'Lokalpolitik net vun de grousse politeschen Tendenze verschount: Mat Bléck op Däitschland wëll de Jochen Kuttler d'Leit encouragéieren, demokratesch Parteien ze wielen. Och a sengem Parlament ass d'AfD vertrueden, mat hire Vertrieder géif awer geschwat ginn, dat wier ganz wichteg: "D'Gespréichslosegkeet ass e Problem an Däitschland."
Wat dee franséischen Noper ugeet, bedauert de Waderner Buergermeeschter, datt Däitschland zanter der Widervereenegung net méi op Frankräich gekuckt huet. Merkel, Scholz a Merz hätten do misse méi maachen. De Jochen Kuttler ass dann och gespaant, wéi d'Presidentiellen dat anert Joer a Frankräich ausginn: "Dat ass och net unerheeblech fir eis."

A wat dee méi klengen Noper ugeet, do gesäit de 56 Joer ale fréiere Journalist vill Parallellen: "Tëscht dem Saarland a Lëtzebuerg gëtt et guer net esou vill Ënnerscheeder. Den Norde vum Saarland ass relativ änlech wéi Lëtzebuerg, fannen ech. Mee d'Mentalitéit an Däitschland ass eng aner. Lëtzebuerg huet eng kosmopolitesch Mentalitéit, déi och net ëmmer all Lëtzebuerger gefält, géif ech mengen. Dat hu mir hei och, mee a ganz verschiddenem Ausmooss. Et gëtt vill méi Gemeinsamkeeten hei am Land mat Lëtzebuerg, wéi d'Lëtzebuerger warscheinlech mengen an och wéi se et kennen."
Wann dat kee Grond fir en Ausfluch an dat klengt Bundesland ass?
Transparenzhiweis: Vun 1999 bis 2000 a vun 2002 bis 2004 hunn den Auteur an de Jochen Kuttler zesumme beim Télécran geschafft.