An der Nuecht op e SonndegEe Blesséierte bei Accidenter op der A4 an op der A6

Tom Nols
An der Nuecht op e Sonndeg ass et zu zwee Autobunnsaccidenter komm. Eng Persoun ass dobäi verwonnt ginn. Donieft huet et och nach zweemol gebrannt.
© Laurent Weber

Kuerz virun 1:30 Auer war et op der Areler Autobunn A6 a Richtung Belsch no der Aire de Capellen zu engem Accident komm, an deen zwee Gefierer verwéckelt waren. Dobäi ass eng Persoun verwonnt ginn. D'Ambulanz vu Mamer an d'Pompjeeë vu Koler a Mamer waren am Asaz.

Zwou Stonne méi spéit koum et op der Escher Autobunn A4 a Richtung Stad zu engem Accident, wéi en Automobilist an d'Leitplank gerannt ass. D'Pompjeeë vu Schëffleng a Monnerech, grad esou wéi d'Ambulanz vun Esch-Uelzecht, waren op d'Plaz.

E Samschdeg Owend war et zu Nidderkäerjeng an der Lëtzebuerger Strooss zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Moto komm. Déi lokal Pompjeeën an d'Ambulanz vum SaDiff waren dohin.

Kuerz virun 20 Auer gouf vu Stroossen e Feier gemellt, dat amgaange war, auszebriechen. D'Mamer an d'Stater Pompjeeë konnte sech der Saach unhuelen.

Zu Béiweng hat et no Mëtternuecht an engem Gaardenhaische gebrannt. Am Asaz waren nieft de Pompjeeë vu Réiser hir Kolleegen an d'Ambulanz vu Beetebuerg.

Back to Top
CIM LOGO