Viru 15 Joer koum zu Lëtzebuerg den éischte Roboter an der Chirurgie an den Asaz. Fir eng Operatioun un der Prostate hei am Kierchbierger Spidol. Wat deemools nach op Opreegung a Widderstand gestouss ass, huet sech haut längst bewäert.
D'Operatioun bei där de Chirurg de Roboter mat enger Zort Joystick dirigéiert, géif vill Virdeeler bidden, seet den Dr Marc Berna, Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman: "Manner Bluttverloscht, besser funktionell Resultater, manner Operatiounszäiten, méi schnell Entloossung vum Patient. Also do si vill Virdeeler fir de Patient bewisen."
Änlech Resultater sinn amgaangen, sech bei der assistéierter Chirurgie vum Rektum erauszestellen. Méi wéi 3.500 Hëft- a Knéiprothese goufen an den HRS bannent de leschten 10 Joer mat Hëllef vu Roboter agesat. Si erreeche méi Prezisioun a reproduzéierbar Resultater.
Mat Hëllef vun der kënschtlecher Intelligenz dierften d'Resultater sech nach verbesseren, dovunner sinn d'Experten iwwerzeegt. Bei enger Knéi-Operatioun beispillsweis wäert d'Kënschtlech Intelligenz besser Analysen erméiglechen, erkläert den orthopedesche Chirurg Dr Pit Putzeys.
"Wéi de Patient geet, wéi de Patient do steet, wéi seng Bänner sinn an unhand vun där künstlecher Intelligenz wäerte mer kënnen erméiglechen, dass mer fir all eenzele Patient eng individualiséiert Planung maachen."
An den nächste fënnef Joer erwaarden d'Spezialiste sech immens Fortschrëtter. Rieds geet vun enger disruptiver Phas, déi grouss Opportunitéite bitt. Duerch d'Babyboomer géif d'Prothetik an den nächsten 13 Joer ëm 400% an d'Luucht goen. "An dofir brauche mer méi Leit oder méi Maschinnen, déi deene manner Leit hëlleft", gëtt den Dr Putzeys ze bedenken.
Ausserdeem wieren 80% vun de Studenten an de Medezinsfakultéite Fraen. "An déi Fraen, déi wëllen och en equilibréiert Liewe féieren, an dofir musse mer mat Maschinnen, mat Robotere schaffen, well den Training och net méi esou laang ass. Mir brauchen eng Hëllef, eng technesch Hëllef, fir kënne méi effizient ze schaffen."
Gutt méiglech, datt d'Roboterchirurgen eng Kéier autonom wäerte schaffe kënnen. D'Doktere géifen awer och da gebraucht, an zwar fir d'Supervisioun, dovunner ass den Dr Putzeys iwwerzeegt. An enger holistescher, personaliséierter Medezin misst dat mënschlecht nach ëmmer am Vierdergrond stoen.