Morningstar DBRS a Fitch RatingsLëtzebuerg behält "AAA"-Rating

Marlène Clement
De Finanzministère huet e Samschdeg de Moien déi éischt Notatiounen zanter der Budgetspresentatioun fir 2027 matgedeelt.
Lëtzebuerg behält säin "AAA"-Rating.
Lëtzebuerg behält säin "AAA"-Rating.
© PHILIPPE HUGUEN/AFP

E Freideg hunn d'Rating-Agencë Morningstar DBRS a Fitch Ratings den "AAA" fir Lëtzebuerg confirméiert. Dat deelt de Finanzministère e Samschdeg de Moie mat. Et sinn déi éischt Notatiounen zanter der Budgetspresentatioun fir 2027.

Déi duebel Confirmatioun vum héchste Score wier eng Bestätegung fir d'Budgetspolitik vun der Regierung, heescht et am Schreiwes vum zoustännege Ministère.

D'Ratingsagence hätten ënnert anerem d'Widderstandsfäegkeet vun der Lëtzebuerger Wirtschaft a vun den ëffentleche Finanzen ervirgehuewen. Si wieren och der Meenung, datt d'Finanzlag vu Lëtzebuerg nach ëmmer besser wéi an de meeschten anere Länner vun der Eurozon wier.

Back to Top
CIM LOGO