
Et ass eng Première fir e Lëtzebuerger Club.
Vum 17. bis den 23. Oktober hunn déi bescht europäesch Clibb zu Budva ëm den Titel gespillt. Mat sechs Victoiren a siwe Matcher koum Gambit Bonnevoie op 12 Punkten a war domat punktgläich mam Titelverdeedeger Cercle d'Échecs de Monte-Carlo. Duerch de Sonneborn-Berger-Tiebreaker ass d'Equipe aus Lëtzebuerg op déi zweet Plaz komm.
Nieft der Sëlwermedail an der Ekipp gouf et och dräi individuell Medailen: D'Elina Danielian krut Sëlwer um drëtte Briet, d'Klaudia Kulon Bronze um zweete Briet an d'Aleksandra Maltsevskaya Bronze um véierte Briet.
De President vum Club, Jan Bednarich, huet de Succès als "historescht Resultat" fir de Schach an de Lëtzebuerger Sport bezeechent.