CGDIS4 Blesséierter bei 3 Asätz um Samschdeg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Géint 16:20 Auer koum et op der B7 a Richtung Stad tëscht Angelduerf an Ierpeldeng zu engem Verkéiersaccident.
Symbolbild vun enger Brëtsch an enger Ambulanz
Symbolbild vun enger Brëtsch an enger Ambulanz
© Laurent Weber

En Auto loung op der Kopp. Dobäi goufen dräi Persoune blesséiert.

Op der Plaz waren d’Pompjeeë vun Angelduerf an der Nordstad souwéi zwou Ambulanze vun der Nordstad.

Schonn um 13:47 Auer hat en elektreschen Apparat an der Avenue Pasteur um Lampertsbierg gebrannt. D'Stater Pompjeeë waren am Asaz. Blesséierter goufen hei keng gemellt.

En drëtten Asaz gouf et géint 16:40 Auer an der Rue de Nospelt zu Giewel, wou en Auto an e Gruef gerode war. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. D’Pompjeeë vu Stengefort an d’Ambulanz vu Stengefort waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO