"Sënnlos Gewalt"128 Festname wéinst Vandalismus zu Barcelona

RTL mat AFP
An der Nuecht op e Sonndeg sinn zu Barcelona méi wéi 100 Leit festgeholl ginn, déi meescht dovu Mannerjäreger.
Zu Barcelona ass et an der Nuecht op e Sonndeg zu gréisseren Ausschreidunge komm.
Zu Barcelona ass et an der Nuecht op e Sonndeg zu gréisseren Ausschreidunge komm.
© LORENA SOPENA LOPEZ/Anadolu via AFP

Wéinst Vandalismus, Plëmmen oder Beschiedegung vun ëffentlechem Eegentum sinn an der Nuecht op e Sonndeg zu Barcelona 128 Persoune festgeholl ginn. Der katalanescher Police no wieren der 73 dovu nach mannerjäreg.

An zwee vun den 128 Fäll wiere scho virdru Strofdote constatéiert ginn, sou d'Cheffin vun der Police Siliva Cata. Et géing sech ëm sënnlos Gewalt handelen, komplett onorganiséiert, zu där op soziale Plattformen opgeruff gi wier.

Bei den Ausschreidungen, déi wuel net am Zesummenhang mat den Demonstratiounen an anere Länner wéi zum Beispill Frankräich an Italien stinn, wiere 15 Poliziste blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO