Internationale Cyclocross zu ConterMarie Schreiber léisst Konkurrenz keng Chance

Tom Flammang
Zu Conter war e Sonndeg den internationale Cyclocross, bei deem et bei den Dammen eng Muechtdemonstratioun gouf. Bei de Juniore war et dogéint méi spannend.
D'Marie Schreiber huet e Sonndeg d'Course zu Conter dominéiert.
© AFP (Archiv)

D'Marie Schreiber huet den internationale Cyclocross zu Conter gewonnen. D'Lëtzebuerger Championne huet de Cross dominéiert a vum éischten Tour un der Konkurrenz keng Chance gelooss. Op der Arrivée hat si eng Avance vun iwwer 3 Minutten op déi zweet Sterre Vervloet aus der Belsch. Déi drëtt Plaz war fir d'Joyce Vanderbeken, och aus der Belsch. D'Maïté Barthels konnt sech als 4. klasséieren.

Bei de Juniore war et eng ganz spannend Course. Am zweete vun am ganze sechs Tier konnt sech de Lëtzebuerger Champion Ben Fleming zesumme mat der Belsch Mathiz Thielens a Senna Cami ofsetzen. Zwee Tier virun der Arrivée huet de Ben Fleming attackéiert, gouf awer gekontert an huet sech um Enn mat e puer Sekonne Retard als 3. klasséiert. Gewonne gouf d'Course vum Mathiz Thielens virum Senne Cami. Bei de Juniorinne gouf et eng Victoire fir d'June Nothum. Si konnt sech virum Sarah Koenig duerchsetzen.

Bei den Debutante gouf et eng Victoire fir de Lëtzebuerger Champion Yannis Elsen. De Coureur vum CT Atertdaul war op deem schwéiere Parcours méi staark wéi déi zwee Dippecher Bjarne Bauer a Louis Baustert. Bescht Debutante war nees d'Enola Walch virum Maxine Steinbach.

Back to Top
CIM LOGO