SerbienStudentelëscht gewënnt däitlech géint SNS-Partei, Vučić huet Néierlag schonn zouginn

RTL Lëtzebuerg
Och wann déi definitiv Resultater nach net virleien, wier et op Basis vun den éischte Resultater kloer, datt seng Säit d'Wale verluer hätt, sot den Aleksandar Vučić.
De Vučić huet seng Néierlag schonn zouginn.
© PEDJA MILOSAVLJEVIC/AFP

Bei de Parlamentswalen a Serbien läit d'Lëscht vun de Studenten, déi géint d'Regierung mobiliséieren, enger éischter Prognos vun Ipsos/CeSID no mat 52 Prozent virun der Lëscht vum Aleksandar Vučić senger SNS-Partei, déi op 39,3 Prozent kënnt.

Der Prognos no kéimen d'Vertrieder vun der Studentelëscht op 138 vun den 250 Sëtz am Parlament an hätten domat eng absolut Majoritéit. D'SNS géif 104 Sëtz kréien.

De Vučić huet seng Néierlag schonn zouginn. Och wann déi definitiv Resultater nach net virleien, wier et op Basis vun den éischte Resultater kloer, datt seng Säit d'Walen verluer hätt, sot hien. Iwwerdeems huet hien dem politesche Géigner Lige virgeworf an op en eventuellen auslänneschen Afloss higedeit.

Back to Top
CIM LOGO