
E Sonndeg stoung an der BGL Ligue de Rescht vum 11. Spilldag um Programm, nodeems sech um Samschdegowend fir den Optakt d'Etzella Ettelbréck doheem géint de Progrès Nidderkuer duerchgesat hat.
Stroossen bleift duerch eng 2:0-Victoire zu Hueschtert weider Tabelleleader. An der éischter Hallschent hu si sech géint e kompakte Géigner misse gedëllegen, éier den Daryl Myre kuerz virun der Paus de verdéngten 1:0 schéisse konnt. Kuerz nom Säitewiessel huet de Fransous dann eng weider Kéier getraff an domat um Enn déi dräi Punkte fir Stroossen geséchert.
An der Tabell bleift Déifferdeng no enger 2:1-Victoire géint Diddeleng weider ee Punkt hannert dem Leader Stroossen drun. Hei war et eng immens hëtzeg éischt Hallschent mat jeeweils enger giel-rouder Kaart op béide Säiten. De Sébastien Thill hat no enger gudder hallwer Stonn fir d'Féierung gesuergt huet. An engem ausgeglachene Match war et an der zweeter Hallschent weider spannend, bis de Ludovic Rauch an der 68. Minutt fir den 2:0 gesuergt huet. Diddeleng konnt dorop zwar nach mam 1:2 kuerz viru Schluss reagéieren, ma fir ee Punkt sollt et awer net méi duergoen.
En Ausruffzeechen huet dann de Racing mat engem 6:0-Succès géint déi bis elo formstaark Munnerefer gesat. No éischte 45 Minutte mat engem liichte Chancëplus fir d'Lokalekipp aus der Stad, war et mat engem 0:0 an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel war de Racing dann awer net méi ze stoppen. No fënnef Goler bannent 27 Minutte stoung et an der 76. Minutt op eemol 6:0 a sou war de Match dann natierlech och entscheet. Duerch dës Victoire réckelt de Racing op zwee Punkten un den Tabellendrëtte Munneref erun.
Fir Biissen gouf et eng 2:1-Victoire zu Käerjeng, wouduerch den aktuelle Champion elo an der Tabell op déi 5. Plaz laanscht d'UNK gezunn ass. An deene weidere Partië vum Sonndegmëtteg huet Rouspert 4:1 géint Walfer gewonnen, d'Jeunesse mat 3:0 zu Hesper an tëscht Wolz a Rëmeleng gouf et bei engem 3:3-Remis kee Gewënner.
________________________________________________
Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.