Out fir dëst Joer?Leandro Barreiro fält blesséiert aus

Sam Rickal
De lëtzebuergeschen Nationalspiller huet sech um Uewerschenkel verletzt a kéint méi laang ausfalen.
De Leandro Barreiro fält bei Benfica an an der Nationalekipp aus.
De Leandro Barreiro fält bei Benfica an an der Nationalekipp aus.
© PATRICIA DE MELO MOREIRA/AFP

De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Leandro Barreiro fält wuel eng Zäitchen blesséiert aus. Wéi déi portugisesch Zeitung "Record" mellt, soll de Mëttelfeldspiller sech um Uewerschenkel blesséiert hunn a kéint domadder bis Ufank Januar 2027 ausfalen.

Domadder géing de Leandro Barreiro déi lescht zwou Partië vun der FLF-Selektioun an der Nations League verpassen. Den 13. November spillen d'Rout Léiwen heiheem géint Estland, 3 Deeg drop dann auswäerts an Island.

Back to Top
CIM LOGO