FrankräichDe Premier Lecornu trëfft sech um Méindeg mat Vertrieder vun de Lycée-Schüler

Joel Detaille
Mat dobäi sinn och den Educatiounsminister Geffraf an den Héichschoulminister Baptiste.
© ALAIN PITTON/NurPhoto via AFP

De franséische Premier Lecornu trëfft sech um Méindeg mat Vertrieder vun de Lycée-Schüler. Dat huet de Matignon e Sonndeg den Owend confirméiert. Och den Educatiounsminister Geffray an den Héichschoulminister Baptiste wäerten derbäi sinn.

D'Mëssstänn am Bildungssystem hu jo, zesummen mat de Reprochen iwwert ze héich Liewenskäschten, an de leschte Wochen zu de grousse Maniffen gefouert, déi mëttlerweil och politesch instrumentaliséiert ginn. Doduerch wieren d'Doleancë vun de Schüler ëmmer méi ënnergaangen.

Eleng e Samschdeg goufen bei eisen Noperen nees 1.300 Leit festgeholl, déi randaléiert hunn. D'Ausmooss vun der Gewalt hëlt och weider zou, an et si scho nei Maniffen annoncéiert.

Um Enn Ausernanersetzungen am Stadzentrum

Back to Top
CIM LOGO