"E neit Kapitel vun der Successtory", esou huet de Premier Luc Frieden den neie Space Campus op der Kockelscheier genannt, fir deen e Méindeg den éischte Spuedestéch war. "NEOS Lëtzebuerg a Belval" wieren e Puzzelstéck vun engem grousse Ganzen.
Um Belval wäert de Volet Recherche am Mëttelpunkt stoen, op der Kockelscheier an der Gemeng Réiser wäerte Betriber aus dem Space Secteur sech kënnen néierloossen.
Den Innovatiounspark ParcLuxite op der Kockelscheier an der Gemeng Réiser géif mam Space Campus eng nei Nues an nei Ausriichtung kréien, huet en houfrege Buergermeeschter Tom Jungen betount.
De ParkLuxite wier e gutt Beispill fir d'Entwécklung vum Land a senger Ekonomie iwwert déi 120 Joer. Och de Premier Luc Frieden huet e klengen Historique gemaach a betount, datt ee virun iwwer 40 Joer bestëmmt net geduecht hätt datt ee mat enger Entreprise bemol e ganzen neie Secteur géif entwéckelen. Dat wier engem awer gelongen. Den NEOS Space Campus wier de nächste Schratt vun der Space Strategie vun der Regierung. De Weltraum wier net just Fuerschung, mee Deel vum Alldag:
"Mir mierken, wou mer d'Satellitten iwwerall brauchen: beim Klimaschutz, bei der Navigatioun, an der Kommunikatioun a jo, ech géif bal soe leider, an der Sécherheet, an der Verdeedegung."
Lëtzebuerg wéilt säi Bäitrag leeschten, huet de Luc Frieden ënnerstrach:
"Mir wëllen op nei Technologien an innovativ Entreprisen zu Lëtzebuerg setzen, déi och op Lëtzebuerg unzéien, déi ënnerstëtzen. An duerfir brauch et natierlech eng Visioun, eng laangfristeg Visioun, et brauch Investitiounen. Et brauch virun allem och en Ëmfeld, an deem Entreprisen, Fuerschung an Innovatioun hunn, déi developpéieren, ënnerstëtzen a sech géigesäiteg stäerken."
Donieft wäert jo och d'SES eng Produktiounshal um nämmlechte Site kréien:
"Mat der geplangter neier Produktiounsanlag, grad och hei op der Kockelscheier, kënnt a mengen Aen eng weesentlech nei Dimensioun dobäi. Vun enger Entreprise, déi Satellitte bedreift, zu enger Entreprise, déi Satellittentechnologien och selwer entwéckelt a produzéiert."
De ganzen Detail fannt Dir op de Sitte vun den entspriechende Ministèren.