SteierreformLSAP enthält sech beim Vott a proposéiert eng Alternativ

Maxime Gillen
Der LSAP ass d'Steierreform, déi d'Regierung proposéiert huet an déi e Mëttwoch an der Chamber gestëmmt gëtt, net sozial gerecht genuch. Obschonn d'Deputéiert vun der LSAP vum Prinzip vun der Individualiséierung iwwerzeegt sinn, kënne si den aktuelle Projet net matdroen a wäerte sech beim Vott enthalen.
D'Fraktiounscheffin Taina Bofferding e Méindeg mat den Deputéierte Ben Polidori, Georges Engel an dem finanzpolitesche Spriecher Franz Fayot.
© Maxime Gillen

An der Haaptsaach stéiert d'Partei sech dorun, datt bei dëser Reform jiddereen entlaascht gëtt. Der Fraktiounscheffin Taina Bofferding no, misst dat vill méi cibléiert gemaach ginn, esou datt déi stäerksten Entlaaschtungen do ukommen „wou se och am Alldag dee gréissten Ënnerscheed maachen“. An hiren Aen ass dat „bei deene klengen a mëttlere Revenuen, bei der schaffender Mëttelschicht, bei den Elengerzéienden a bei de Famille mat Kanner“.

Den Deputéierte Georges Engel betount, datt Generositéit nach laang keng Gerechtegkeet ass. Et bräicht méi Verantwortungsgefill fir déi zukünfteg Generatiounen, fënnt de fréieren Aarbechtsminister. „Eng Populatioun, déi méi al gëtt, de Logement, de Klimaschutz“, alles dat géif Sue kaschten. „A wien haut Recetten ofbaut ouni ze soen, wien muer bezilt, deen hypothekéiert och d'Zukunft vun eise Kanner“.

Dem finanzpolitesche Spriecher vun der LSAP-Fraktioun Franz Fayot no, kéint och keng Individualiséierung ouni Kompensatiounsmesuren agefouert ginn. Dat géif nëmmen Ongerechtegkeete schafen. Zum Beispill géif d'Kannergeld eleng net méi duergoen, fir Famille mat Kanner z'entlaaschten.

Dowéinst hunn d'Sozialisten eng eege Propositioun ausgeschafft. An déi baséiert um Prinzip, datt déi Leit, déi am mannsten hunn, am meeschte sollen entlaascht ginn. Konkret viséiert d'LSAP mat hirer Propos virop Stéit mat niddregem Akommes, Jonker, Elengerzéier a Leit, déi anerer fleegen.

D'LSAP hält déi vun der Regierung geplangter Iwwergangsperiod vu 25 Joer fir Koppelen, déi an der Steierklass 2 wëlle bleiwen, fir ze laang. Dofir gëtt déi an hirer Propositioun un d'Dauer vum Mariage oder dem Pacs ugepasst. Konkret hätt eng Koppel, déi zanter 10 Joer bestuet ass, dann 10 Joer Zäit, bis och si aus der aler Steierklass 2 an déi nei eenheetlech Steierklass fält.

All dës Iddie soll jiddereen novollzéie kënnen, betount den Deputéierte Ben Polidori. „Fir komplett Transparenz ze schafen, hu mir e Simulator gebaut.“ Domat kéint jiddereen individuell ausrechnen, wat d'Steierreform fir si konkret géif bedeiten. An dat „net nëmme par rapport zu haut, mä och par rapport zum Barème vun der Regierung“.

Alles an allem ass d'LSAP iwwerzeegt, datt hire méi gerechten Usaz de Staat um Enn och méi bëlleg gëtt, wéi dat wat d'Regierung proposéiert huet. Dat ënner anerem, well bei de Stéit mat ganz héijem Akommes net soll entlaascht ginn.

De Simulator vun der LSAP fënnt een op steieren.lsap.lu.

Back to Top
CIM LOGO