45 Joer am Asaz D'ASBL "Noël de la Rue" feiert mat engem Cortège an engem Fest bei der Gëlle Fra

Monique Kater
"Noël de la Rue" organiséiert als onofhängeg ASBL all Joer ronderëm Chrëschtdag d’Verdeele vun Iessen an natierlech eng Chrëschtfeier.

Um Sonndeg hu si sech selwer gefeiert. Mat enger Marche de Solidarité vun der Gare bis bei d’Gëlle Fra.

1981 war d’Gesellschaft nach eng ganz aner wéi haut – d’Besoinen, vun deenen, déi net passen, hunn awer net wierklech changéiert, seet deen, deen d’ASBL mat gegrënnt huet. Déi, déi net méi an dat soit disant "normaalt" Liewen erapassen, fille sech ëmmer méi isoléiert, stellt de Léon Kraus fest. Si géinge fäerten, sech an der Ëffentlechkeet ze weisen.

U sech huet d’Politik awer d’Soen, si orientéiert sech natierlech un der Opinion Publique. D’Politik eleng wier awer hei net gefuerdert, mee jiddweree vun eis, seet de Léon Kraus. Et wier uerg, dass d’Matgefill, d’Mënschlechkeet op der Streck géinge bleiwen.

Politesch riets Tendenze géifen näischt änneren, sou de Léon Kraus, déi Concernéiert wieren do a missten encadréiert ginn mat Respekt a Mënschlechkeet - nëmmen esou kéint een eppes änneren.

Mir sollten a missten eis zesummerappen an hëllefen. Och dës Mënschen hätten en enormt Kapital a wieren ze schued, fir un de Bord vun der Gesellschaft gedréckt ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO