
Géint 11:13 Auer koum et op der CR166 tëscht Käl a Schëffleng zu engem Accident, bei deem en Auto géint eng Leitplank gerannt ass. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vun Esch-Uelzecht an de SAMU vu Käl.
Kuerz no 13 Auer goufen d’Pompjeeën op Réimech an d’Rue de Macher geruff. Do hat eng Dreckskëscht gebrannt. D’Pompjeeë vu Réimech a Schengen souwéi d’RTW vu Mutfert waren am Asaz. Blesséierter goufe keng gemellt.
Um 16:21 Auer gouf et um Boulevard de Kockelscheuer an der Stad en Accident mat engem Auto. Eng Persoun gouf blesséiert.
En drëtten Accident gouf um 16:48 Auer op der A7 tëscht Miersch a Colmer-Bierg gemellt. Och hei war een Auto an en Accident verwéckelt an eng Persoun gouf blesséiert. D’Rettungsdéngschter vun der Nordstad a Miersch waren am Asaz.