Coworking-Espace zu DéifferdengAmplaz eng Stonn just 15 Minutte bis op de Büro

Julie Thilges
Zanter 2024 gëtt et zu Lëtzebuerg eng Alternativ nieft dem Homeoffice: De Coworking.

Scho véier Coworking-Plaze ginn et hei zu Lëtzebuerg, bei deenen et dorëm geet, de Staatsbeamte vun de Ministèren an hiren Administratiounen en oppene Büro ze bidden, bei deem si dat néidegt Equipement hunn an net onbedéngt de laange Wee an d'Stad musse fueren.

Zanter Juli schafft d'Julie Büchler beim Ministère de la fonction publique, dräi Deeg d'Woch huet si Teletravail zegutt. Si wunnt am Minett an duerch de Beruffstrafic ass de Wee op de Büro um Kierchbierg moies mat vill Frust verbonnen: "Déi Zäit kéint ee besser investéieren. Sief et an der Zäit vum Schaffe schonn, oder et ass schonn e bësse Stress dobäi, well een eng Reunioun huet, déi schonn ugesat ass, an et gesäit ee wéi séier d'Zäit vergeet, da kann ee liicht scho mol an de Stress geroden", esou d'Julie Büchler, déi zanter Juli beim Ministère de la fonction publique schafft.  

Den Homeoffice ka si vun doheem aus maachen, oder aus engem Coworking-Espace. Hei wielt si deen zu Déifferdeng, wou si amplaz eng Stonn an d'Stad just e Véierel dovun op der Strooss - am Stau - verbréngt.

An dat huet fir si direkt e puer Virdeeler: "Ech gi mueres scho mat enger 'Zenitude' einfach doheem eraus, well ech weess, ech sinn elo net frustréiert am Stau. Ech hunn Zäit fir dat Klengt an d'Schoul ze bréngen, an amplaz an d'Stad ze fueren, wou ech eng Stonn géing brauchen, sinn ech bannent 15 Minutten hei am Coworking zu Déifferdeng, wou ech alles hunn, wat ech brauch, fir ze schaffen." 

Eng nei Aarbechtsform, déi nach méi etabléiert soll ginn 

98 Coworking-Plaze gi pro Dag offréiert, 345 Agente sinn am Programm Coworking schonn ageschriwwen. Am Allgemenge géif de Programm gutt bei den Agenten ukommen, an et géinge reegelméisseg Staatsbeamte bäikommen, déi sech dofir interesséieren. Et wier eng Alternativ fir déi, déi am Teletravail net onbedéngt vun doheem aus kéinte schaffen: "Well een zum Beispill net esou gutt ekipéiert ass ewéi am Coworking, an da brauch een de Wee an d'Stad net ze maachen", esou de Jean-Paul Marc, Chargé de mission Coworking. 

De Chiffere vum Staat no kéinte pro Joer méi ewéi 700.000 Kilometer mam Auto gespuert ginn an d'CO2-Emissiounen ëm méi wéi 90 Tonne reduzéiert ginn. "Dat ass och eng vun den Haaptiwwerleeunge gewiescht bei der ganzer Initiativ. Dass een eeben déi Mobilitéit, fir ëmmer erëm an d'Stad ze fueren, dass een dat reduzéiert. Dass een déi gefuere Kilometere reduzéiert, an domat natierlech och d'Emissioun an den Energieverbrauch aschränkt. An dat kënnt der Ëmwelt jo och zegutt", erkläert de Jean-Paul Marc. 

Weider zwee Espacë solle bäikommen 

Aktuell ginn et véier Sitten: Schieren, Clierf, Diddeleng-Beetebuerg an Déifferdeng am Gebai "Gravity". Dëse gouf dëst Joer ageweit.  

Zwee weider Sitte si geplangt, een am Westen an een am Oste vum Land. "Mir hoffen, dass mir dëst Joer an d'nächst Joer do weiderkommen", esou de Jean-Paul Marc.  

De Coworking-Espace zu Déifferdeng wier an enger optimaler Lag: no bei enger Gare an engem Akafszenter, fir d'Leit, déi do schaffen, wier dat praktesch. Fir d'Ëmsetzung um Site gouf enk mat der Gemeng Déifferdeng zesummegeschafft.

Back to Top
CIM LOGO