An de Kannaniuuss dës Woch: E klenge Roboter, deen de e Mound vum Mars erfuersche soll, nei Erkenntnisser iwwer de Klimawandel an d'Tripartite zu Lëtzebuerg. Am Reportage huelen eis Kannerreporter Elina an Nevio eis mat hannert d'Kulisse vun enger Fernseeemissioun.
E klenge Roboter mam Numm vun engem bekannte Comic-Hond ass um Wee op de Mars! Den Idefix soll do uewen um Mound Phobo vum roude Planéit op Entdeckungsrees goen. Wat de klenge Roboter alles erfuersche soll, dat erkläre mer dës Woch an de Kannaniuuss.
Donieft geet et ëm de Klimawandel. Nei Erkenntnesser weisen, datt d'Äerd sech an Zukunft nach méi staark erwierme kéint, wéi bis elo ugeholl. Mee et ginn och gutt Noriichten am Kampf géint de Klimawandel!
Zu Lëtzebuerg war dës Woch nees vill lass. Op der sougenannter Tripartite hunn d'Regierung, d'Gewerkschaften an d'Patronat iwwer déi héich Energiepräisser diskutéiert. Mee wat ass eng Tripartite iwwerhaapt? A firwat ass esou eng Versammlung wichteg? Mir erklären et op eng einfach a verständlech Aart a Weis.
An zum Schluss gëtt et nach eng gutt Nouvelle fir all Langschléifer: Dëse Weekend ginn d'Aueren ëmgestallt a mir kréien eng Stonn extra Schlof!
Wéi entsteet eigentlech eng Fernseeemissioun? A wat geschitt alles, éier d'Kameraen uginn?
Dës Froen hunn eis Kannerreporter Elina an Nevio sech gestallt. Fir Äntwerten ze kréien, hu si de Raoul Roos bei de Virbereedunge fir d'RTL-Emissioun "de Magazin" begleet.
Dobäi kruten déi zwee exklusiv Ablécker hannert d'Kulissen. Si waren am Maquillage, hunn d'Regie besicht a konnten am Studio dobäi sinn, wéi d'Emissioun live produzéiert gouf.
Wien decidéiert, wéi eng Kamera gewise gëtt? Wat mécht d'Regie? A wéi fillt et sech un, bei enger Live-Emissioun dobäi ze sinn? D'Elina an den Nevio weisen an hirem Reportage, wéi vill Aarbecht hannert enger Fernseesendung stécht.
D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder Sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.
Kannaniuuss
KannaTivi
Eis Stëmmen