Stiermescht Wieder BoeloDosende Volle falen zu Amsterdam aus, Stroumausfall a Groussbrittanien

Tom Nols
De Stuerm Boelo suergt fir Verspéidungen oder Ofsoe vu Vollen um Fluchhafe Schipol zu Amsterdam. Och e Fluch vu Lëtzebuerg ass betraff.
De Vol vu Lëtzebuerg op Amsterdam wäert Verspéidung hunn.
© Emile Mentz

De Stuerm Boelo suergt aktuell fir esou staarke Wand, dass um Fluchhafe Schipol zu Amsterdam sëllege Vollen ausfalen oder sech verspéiden. Souwuel d'Departen, wéi och bei d'Arrivéeë si betraff.

Och concernéiert ass e Vol vun der KLM, dee laut lux-airport.lu um 14:45 Auer a Richtung Amsterdam soll fortfléien. Op der Schipol-Säit ass déi ursprénglech Arrivée vu 16 op 17:07 Auer verréckelt ginn.

Méi wéi 82.000 Stéit am Norde vu Groussbritannien waren e Sonndeg wéinst dem Onwieder ouni Stroum, wéi de Branchenverband Energy Networks Association matgedeelt huet. Nodeems de Stuerm "Austen" Schied ugeriicht hat, konnt d'Versuergung fir knapp 350.000 Stéit nees hiergestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO