
E Méindeg kuerz viru 16 Auer war d'Police wéinst engem Sträit op de Belval geruff ginn. Wéi de Policespriecher Ben Eich RTL op Nofro hin erkläert, wieren direkt e puer Patrullen zesumme mam Policehelikopter op d'Plaz geschéckt ginn, well et e gréissere Grupp Leit sollt sinn.
Op der Plaz konnten d'Beamten awer keng Leit untreffen an et gouf och soss näischt Verdächteges fonnt.
De Policespriecher preziséiert weider, datt Stand 17 Auer nach vereenzelt Patrullen an der Géigend ënnerwee wieren, fir Presenz ze weisen.