
Wéi kéint den elektronesche Vott fir d'Walen ausgesinn a virun allem ëmgesat ginn? Dorëmmer ass et um Méindeg an der Institutiounekommissioun an der Chamber gaangen, an där den nationalen Informatiouns - an Technologiezentrum, CTIE, seng Nott iwwert de Vote électronique presentéiert huet. Den elektronesche Vott kéint eng Alternativ zur Bréifwal sinn. D'Zuel vun de falschen an ongültege Walziedele soll reduzéiert an de Walprozess méi einfach gestallt ginn, huet den Nico Majerus vum CTIE betount. Si proposéieren:
“Et wielt een, ob een de Vott par Internet wëll maachen oder ob ee Bréifwal wëll maachen oder an Isoloir goen, an datt een dat awer net méi en cour de route ännere kann. “
Wichteg wier, datt een en zentraliséierte System hätt:
“Fir de System och net ze komplex ze maachen. De System soll transparent, auditabel sinn. Do mussen eng Rei Sécherheetsprozeduren en place gesat ginn. A wann een dat zentral hält, ass dat vill méi einfach, wéi wann een herno bei de Gemengewalen op 100 esou eenzel Plaze misst eppes maachen.”
Virun der Aféierung misste grëndlech Tester an onofhängeg Sécherheetsaudite gemaach ginn, gouf e Méindeg de Moie betount an och vun ënner anerem dem Taina Bofferding vun der LSAP begréisst.
“Dat och fréi genuch, fir direkt erauszefannen, ginn et eventuell Lacunnen, ass e Problem am System. Ginn d'Leit och genuch eens, sech do ze adaptéieren, vläicht och alles am Virfeld ze reegelen, an do mécht et duerchaus Sënn och, dass een esou eng permanent Gouvernance hannendrun huet.”
Den Alex Donnersbach vun der CSV huet allerdéngs nach eng Partie Froen:
“Wann een en Doute huet, wéi kann een déi Stëmmen nozielen? Ass dat iwwerhaapt méiglech? Oder wéi kann ee verifiéieren, datt wann zum Beispill eng Attack war an ee sech net sécher ass, ob do eppes manipuléiert ginn ass oder net, wéi kann een dann d' Stëmmen nozielen? “
Och de Fred Keup vun der ADR ass skeptesch:
“Sou wéi et am Moment ausgesäit, kéint ech mer dat net virstellen, dass mir dat géife matdroen, fir dat anzeféieren. An och mengen ech, dass eng grouss Skepsis do an der Bevëlkerung warscheinlech wier wéinst all deene Risken, déi et gëtt an d'Vertrauen an dat Ganzt. “
Den 30. November wäert iwwerdeems eng politesch Diskussioun an der zoustänneger Kommissioun iwwert den elektronesche Vott gefouert ginn, fir déi och de Premier Frieden an d'Chamber kënnt.