Auto massiv modifizéiertZu Ettelbréck gouf e Sonndeg en Auto aus dem Verkéier gezunn

Andy Brücker
En Automobilist huet no enger Policekontroll säi Gefier musse stoe loossen.
© Police (Archiv)

Wéi d'Police matdeelt, hu Beamten a Sonndeg an der Avenue des Alliés zu Ettelbréck en Auto kontrolléiert, well et duerch eng Partie Modifikatiounen opgefall war. Et sollt sech dann och erausstellen, dass sou munches net an der Rei war um Gefier. Vun technesche Mängel, bis hin zu enger ganzer Partie Ännerungen, déi net konform an der groen Kaart agedroe waren. Dorënner zum Beispill d'Fuerwierk, den Auspuff, grad ewéi e Spoiler. Op Uerder vum Parquet gouf d'Gefier séchergestallt.

Back to Top
CIM LOGO