D'Police deelt matDéif an der Stad gestallt a Wiert op der Gare mat Messer menacéiert

RTL Lëtzebuerg
De Weekend gouf op der Gare ee Wiert mat engem Messer agresséiert. Et gouf ausserdeem an een Auto agebrach an et gouf aus engem Buttek geklaut.
© Laurent Weber

Zu Dikrech gouf der Police an der Nuecht op e Sonndeg géint 3 Auer een Abroch an ee Keller an der Rue zu Cimetrière gemellt. Wéi et am Policebulletin heescht, hat d'Bewunnerin den Täter in flagranti erwëscht, deen doropshi geflücht ass. An der Rue du Floss zu Dikrech goufen et dunn nach aner Abrochversich. No enger kuerzer Sich ass der Police tatsächlech ee Verdächtegen an d'Netz gaangen, op deen d'Täterbeschreiwung gepasst huet. De Verdacht géint de Mann huet sech am Laf vun den Ermëttlunge erhäert, esou datt de Parquet eng Festnam vum Verdächtegen ordonéiert huet. Hie koum virun den Untersuchungsriichter an et gouf Haftbefeel géint de Mann erlooss.

Nach eng Persoun konnt e Sonndeg de Moie gestallt ginn, nodeems an der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg an een Auto agebrach gi war. Éischten Erkenntnisser no goufen aus dem Auto ënnert anerem perséinlech Dokumenter, Bankkaarten a Kopfhörer geklaut. Mat enger vun de geklaute Kaarte waren iwwerdeems och scho Suen opgehuewe ginn. D'Police konnt ee Verdächtegen ermëttelen a lokaliséieren an déi geklaute Kopfhörer konnte bei enger Kontroll beim Mann séchergestallt ginn. Et gouf ee Protokoll erstallt.

E Sonndeg gouf de Beamten dann och géint 19 Auer nach gemellt, datt aus engem Buttek um Knuedler an der Stad geklaut gi wier. Op der Plaz sinn d'Beamten engem Mann begéint, dee kloer ze déif an d'Glas gekuckt hat. Wou si eng Fouille beim Mann gemaach hunn, konnten d'Beamten déi geklaute Géigestänn dann och relativ séier erëmfannen. De Buttek krut d'Wueren zeréck an de Mann koum no enger medezinescher Ënnersichung an d'Ausniichterungszell, well hien eng Gefor fir sech an anerer war.

Géint 22:35 Auer koum et dann nach zu enger Kläpperei an der Rue Bender op der Gare virun engem Café. D'Ausernanersetzung war de Beamten direkt e puermol gemellt ginn, heescht et am Policebulletin. Éischten Erkenntnisser no waren e puer Gäscht mam Wiert unenee geroden, wou deenen hinnen d'Entrée verbueden huet. D'Situatioun ass eskaléiert an de Wiert soll souguer mat engem Messer menacéiert gi sinn. Op der Plaz hunn d'Beamten dann och een alkoholiséierten an onkooperative Mann ugetraff. Net wäit vum Café gouf ausserdeem ee Messer fonnt. Well de Mann och hei ëmmer méi onkooperativ gouf, koum hie mat op de Policebüro an de Passagearrest.

Back to Top
CIM LOGO