Formel 1: Grousse Präis vun den USAAntonelli wënnt zu Austin, ma verpasst fréizäitege WM-Titel knapp

RTL Lëtzebuerg
De Mercedes-Pilot ass mat der Victoire dem WM-Titel e weidere Schratt méi no komm.

An der Formel 1 huet de Kimi Antonelli op Mercedes e Sonndeg den Owend zu Austin an den USA eng weider Victoire gefeiert, fir de Weltmeeschtertitel ze feieren, ass et awer nach net ganz duergaangen. Zwee Punkte feelen him nach. De jonken Italieener huet sech bei engem ganz taktesche Grousse Präis vun den USA virum Charles Leclerc op Ferrari an dem Max Verstappen op Red Bull behaapt.

Den Antonelli huet wärend de 56 Ronne keen Zweiwel u senger Victoire opkomme gelooss. De Kampf ëm d'Plazen 2 an 3 war dogéint bis zum Schluss spannend. Zéng Ronne viru Schluss louch de Lando Norris op McLaren op der zweeter Plaz, dat viru Verstappen a Leclerc. An der 47. Ronn ass den Hollänner laanscht den Norris gezunn an huet sech op Plaz 2 gesat. Kuerz drop ass och de Leclerc laanscht den Norris gefuer an huet sech op déi 3. Plaz verbessert. De Monegass huet sech duerno hannert de Verstappen gesat a konnt dësen an der 49. vu 56 Ronnen iwwerhuelen. Bis zum Schluss sollt et bei der Reiefolleg Antonelli, Leclerc a Verstappen op den éischten dräi Plaze bleiwen.

Nächste Matchball fir Antonelli a Mexiko

De WM-Leader Antonelli huet duerch d'Victoire seng Féierung am WM-Klassement weider ausgebaut. Den éischte Matchball an der Lutte ëm de Weltmeeschtertitel konnt hien awer nach net notzen, dat well seng direkt Konkurrenten ëm den Titel ze staark waren. De Lewis Hamilton op Ferrari ass de 4. ginn. Fir säi Mercedes-Coequipier George Russell war et e Sonndeg déi 8. Plaz. De Russell hat wärend der Course eng Fënnef-Sekonne-Strof missen ofsëtzen, datt well hie sech an der éischter Ronn géint de Piastri e Virdeel verschaaft hat. Hamilton a Russell behalen domadder weider theoretesch Chancen op den Titel.

Den nächste Grousse Präis an der Formel 1 gëtt a Mexiko gefuer. Hei huet de Kimi Antonelli e weidere Matchball, fir sech mat 20 Joer an zwee Méint zum jéngste Weltmeeschter vun allen Zäiten ze kréinen. Bis ewell gehéiert dee Rekord dem Sebastian Vettel. Den Däitsche war bei sengem éischte WM-Titel 2010 23 Joer, véier Méint an eelef Deeg al. Eng 9. Plaz geet dem Antonelli a Mexiko duer, fir de Sak zouzemaachen.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

Formel 1 Kalenner Saison 2026
Fannt am Dokument déi genee Iwwerdroungszäite vun der Formel 1 op RTL.

FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO