
D‘Regierungspartei DP ass déck zefridden, datt elo endlech eng grouss Reform vum Steiersystem kënnt. An der leschter Legislatur, an där d’DP d’Finanzministesch gestallt huet, wier eng Covid-Kris dertëscht komm, ma och wann elo en CSV-Minister sech der Saach ugeholl huet, wier jo dat wichtegst, datt d’Individualiséierung vun de Steieren iwwerhaapt ëmgesat gëtt. De Steiersystem misst sech nämlech un d’Gesellschaft upassen an net ëmgedréint, esou den DP-Deputéierten Patrick Goldschmidt.
"De Staat soll sech eraushalen aus de Liewensentscheedungen" an dës deemno och net iwwert d'Steiere bewäerten. Den eenzege Grond fir sech ze bestueden soll d'Léift sinn, fënnt de Patrick Goldschmidt.
D’DP wéilt de Leit net virschreiwen, wéi si ze liewen hunn, betount och d’Deputéiert a fréier Familljeministesch Corinne Cahen. Et géif de Staat näischt ugoen, wéi d’Leit zesumme liewen.
Gläichzäiteg wëll een all d'Leit encouragéieren schaffen ze goen a fir sech selwer ze suergen. Dat fir Situatiounen z'evitéieren an deene jorelaang net oder manner cotiséiert gouf, an am Fall vun enger Scheedung grouss Probleemer entstinn, esou de Patrick Goldschmit. Op d'allermannst soll de Partner mat virsuergen. An Zukunft soll et méiglech sinn fir de Partner an eng Zousazpensioun anzebezuelen an dat steierlech ofzesetzen.
Dem Patrick Goldschmit no, géif et sech dann och fir déi grouss Majoritéit vun de Leit lounen an déi nei Steierklass ze wiesselen.
Dës Steierreform hätt wuel e substantielle Präis, ma dat wiere keng Käschten, esou nach den DP-Deputéierten. Ëmmerhin hätten d’Leit doduerch méi Suen am Portmonni, mat deenen d’Wirtschaft an domat indirekt d’Staatsfinanzen erëm ugekuerbelt ginn.
E weidere Sujet bei der DP e Méindeg war déi geplangte Reform vun de Chèques Services. Domat sollen Elteren alles an allem ëm 79 Milliounen Euro entlaascht ginn, wéi d’Deputéiert Barbara Agostino betount. Stéit mat méi niddregem Akommes, kréie méi Stonne vun hirer Kannerbetreiung vum Staat finanzéiert. A Crèchen dierfen an Zukunft keng fix Forfaiten méi froen. Der Barbara Agostino no, geet d’Rechnung fir d’Crèchen um Enn awer trotzdeem op.
Verschidde Crèchen hätte Kontrakter mat fixe Stonne gehat an d’Kanner wieren awer net reell esou laang do gewiescht. "Vu datt et awer ëffentlech Gelder sinn, ass decidéiert ginn, datt d’Elteren ee Mount am Viraus mussen hir Besoinen un d’Crèchë weiderginn“ an d'Prestatairë kéinte sech dann esou organiséieren, datt nëmmen esou vill Personal engagéiert gëtt, wéi Besoin vun den Elteren ugemellt ginn ass. "D’Masse salariale geet erof, dat heescht et kënnt en Equiliber tëscht dem reelle Besoin an der Masse salariale um Terrain.“
D’Deputéiert Mandy Minella huet dann nach eng Kéier d’Hausse vum Kannergeld op den 1. Januar 2027 ervirgehuewen an och betount, datt et der DP wichteg wier, datt all Kand d'selwecht ënnerstëtzt gëtt, egal wéi vill d'Eltere verdéngen.
"Kannergeld ass keng Sozialhëllef, mä eng Unerkennung vun der Verantwortung, déi d’Elteren all Dag mussen iwwerhuelen."
Donieft wier d’Kannergeld eng Ënnerstëtzung, fir datt all Kand d’Méiglechkeet huet Sport, Musek oder kulturell Aktivitéiten ze maachen. "Dat gehéiert och zu enger gudder Kandheet", fënnt d’Deputéiert.
Ma och dat geplangte Gesetz zum Complément de vie chère soll fir méi Chancëgläichheet suergen. Hei kréiche Stéit mat manner Akommes cibléiert ënnert d'Äerm gegraff. Dovu kéinten um Enn méi wéi 100.000 Leit profitéieren.