
De Protein-Pudding mat Schockelasgoût vun der Mark Melkunie gëtt zeréckgeruff. Grond dofir ass de Verdacht, datt sech kleng Glaspartikelen am Produit befanne kéinten.
De Pudding ass vum 08.08.2026 bis den 23.10.2026 verkaaft ginn.
Et gëtt recommandéiert, d'Informatioune vum Produit mat deene vum offizielle Réckruff ze vergläichen an déi betraffe Verpackungen net méi ze konsuméieren. D'Detailer fannt Dir hei.