
Kuerz no 12 Auer si op der Place François-Joseph Dargent zu Eech en Auto an e Bus kollidéiert. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. D'Pompjeeë vun der Stad Lëtzebuerg an eng Ambulanz vu Mamer waren am Asaz.
Géint 14 Auer ass et am Rond-Point Terres-Rouges zu Esch-Uelzecht zu engem Zesummestouss tëscht zwee Autoe komm. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Rettungsdéngschter vun Esch hunn d'Affer op der Plaz versuergt.
Nëmmen eng hallef Stonn méi spéit gouf nees e weideren Accident zu Eech gemellt. An der Rue de Muhlenbach si zwee Gefierer anenee geroden, wouduerch eng Persoun blesséiert ginn ass. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vun der Stad Lëtzebuerg hunn sech ëm d'Versuergung gekëmmert.