
Den neie Patron vun de Patrone Marc Lauer war guer net eréischt op d'Reunioun komm, an huet den Dossier aneren iwwerlooss. De Premier war zwar bei der Reunioun dobäi, mee wollt dono näischt soen.
De Logementsminister Claude Meisch ass der Fro, ob iergendwellech Mesurë mat de Sozialpartner festgehale gi wären, ausgewach: "Ech mengen et ass ëmmer derwäert, an dat huet een de Moie gesinn, sech beieneen ze setzen, sech auszetauschen, déi Chance de vue ze hunn iwwert dat, wat schonn ënnerwee ass, dat war emol eng éischt Prioritéit fir wierklech déi ganz Panoplie vun eenzele Mesuren, déi d'Regierung huet, wou mer och op vill Revendicatiounen, souwuel vun de Gewerkschafte wéi och vum Patronat schonn Äntwerten hunn, andeem mer ëmmer weider schaffen."
Et wier och wichteg, sech géigesäiteg nozelauschteren, esou de Minister. Ma vill Neits huet een dobäi net héieren, wéi d'OGBL-Presidentin Nora Back no der Reunioun sot.
"Also mir kruten haut nach eng Kéier confirméiert, unhand vun enger Powerpoint, wat d'Regierung alles gemaach huet, fir d'Logementskris unzegoen. An do si sécherlech Akzenter gesat ginn. De Problem ass, et geet bei Wäitem net duer. An dat war dann eise Rôle haut, fir an där Logementsreunioun drop hinzeweisen, dass vill, vill méi déif muss de Problem bei der Wuerzel ugepaakt ginn. Dat heescht, dass méi abordabele Wunnraum muss geschaaft ginn an ëffentlecher Hand gehale ginn. Dass méi muss géint Spekulatioun virgaange ginn. Dass mer mussen dofir suergen, dass déi elengstoend Wunnenge mobiliséiert ginn."
Den LCGB-President Patrick Dury huet no de Powerpoint-Presentatioune festgehalen, datt et eng ongeléiste Vertrauenskris bei de VEFA-Wunnenge gëtt – also där, déi no Plang verkaaft ginn.
"An dat Zweet ass den Accès an deem Sënn, dass jonk Leit, besonnesch jonk Leit, dat doten net méi finanzéiert kréien. A mir wäerten u sech do dodrunner gemooss ginn als Land, dass mer op déi dote Fro eng Äntwert fannen. An déi Äntwert hu mer haut net fonnt, mee ech hunn dat emol awer gutt fonnt, dass een u sech emol sech ausgetosch huet, fir ze gesinn, wat alles ënnerwee ass an och d'Positioune vun de Sozialpartner, déi u sech jo awer aner Akzenter setzen an deem ganze Sujet."
D'Patronatsvertrieder hätten déi üblech Aidë fir d'Investisseuren an d'Promoteure gefrot. Also déi Mesuren, déi d'DP virun de Walen net wollt.
Als klenge Rappel den DP-Spëtzekandidat Xavier Bettel am RTL-Face-à-face virun de Walen 2023:
"Ech gesi beim Wunnengsbau, datt am Fong den Här Frieden nees op déi al Praktike wëllt goen. Dat heescht, den Amortissement accéléré, etc ,etc, (...) Mesuren nees sollen zeréckkommen. Ech gesi just, datt dat net dem Locataire hëlleft, och net deem, dee wëll kafen hëlleft. Datt een hei am Fong dem Promoteur eng Marge léisst, déi méi grouss ass. Mir sinn der Meenung, datt et eng Wunnengsbauoffensiv brauch."
Ma am "Booster fir de Logement", dee virun der grousser Vakanz virgestallt gouf, sinn haaptsächlech nees där Mesuren dran. Déi kommen aus dem CSV-Finanzminister Gilles Roth sengem Ministère. Och wann deem a senge leschte Budgeten dem DP-Logementsminister Claude Meisch méi Suen zur Verfügung gestallt huet, fir den abordabele Wunnraum an de Kaf vu VEFA-Projeten.
Mee de Patrick Dury huet no der Reunioun vun haut kritiséiert, datt zwar zimmlech akademesch iwwert Loyersdeckelen a Mietkadaster geschwat gëtt, mee déi ëffentlech Hand selwer net genuch Mietwunnenge géing halen, fir iwwert dee Wee d'Loyeren ze kontrolléieren.
De Claude Meisch sot sengersäits:
"Mir wëssen, datt momentan déi Reglementatioun ronderëm d'Loyeren eigentlech net méi richteg fonctionéiert an do si mer an der Obligatioun, fir och en neie Wee anzeschloen. An d'Regierung huet sech virun e puer Wochen och prinzipiell festgeluecht. Mir wëllen eigentlech en duale Modell, bei engem Prozentsaz vum Capital Investi bleiwe fir nei Wunnengen, well do kenne mer de Capital Investi a fir besteeënd Wunnengen, déi scho méi laang um Marché sinn, dann awer e Mietkadaster eigentlech als Referenz ze huelen an datt mer esou och kënne kucken, datt d'Loyeren net weider just an d'Luucht ginn, mee datt se an engem räsonabele Mooss an d'Luucht ginn."
De Projet de loi fir eng national Commission de reconciliation locative, deen de Claude Meisch am Fong scho fir de Summer versprach hat, fir datt sech Proprietären a Locatairë kënnen eens ginn, soll dann och an den nächste Wochen deposéiert ginn.
Mat de jonke Leit, déi en Dënschdeg virun der Chamber géint d'Logementssituatioun manifestéieren, huet de Claude Meisch Rendez-vous no der Allerhellegevakanz ausgemaach.